Kuerz virum Plënneren an d'Schlass Bierg"Joyeuse Sortie" vun der Groussherzoglecher Koppel zu Fëschbech

RTL Lëtzebuerg
Zënter 2020 wunnen de Grand-Duc Guillaume an d'Grande-Duchesse Stéphanie am Schlass zu Fëschbech.
© Cour Grand-Ducale

En Donneschdeg schonn huet d'Fëschbecher Gemeng déi sougenannten "Joyeuse Sortie" vun der groussherzoglecher Koppel gefeiert. Si wunne jo schonn zënter dem Joer 2020 zu Fëschbech um Schlass.

Fir dës Occasioun gouf dann och e Monument zu Éiere vum Grand-Duc Guillaume zu Fëschbech devoiléiert.

Majo ganz laang wäert déi groussherzoglech Koppel awer net méi zu Fëschbech bleiwen, et geet deemnächst nämlech an d'Schlass Bierg. Aus deem Grond huet de Grand-Duc an d'Grande-Duchesse dann och alleguerten d'Awunner an de Park vum Schlass invitéiert, dat op eng Receptioun.

Ma d'Schlass zu Fëschbech wäert natierlech net eidel bleiwen, hei wäerten de Grand-Duc Henri an d'Grande-Duchesse Maria Teresa nämlech da wunne kommen.

Back to Top
CIM LOGO