Gemeng LeidelengPatrick Calmus iwwerhëlt Schäffeposte vu Jean-Pierre Roemen

RTL Lëtzebuerg
Zu Leideleng ginn et Ännerungen um politesche Plang.
De Patrick Calmus iwwerhëlt de Schäffeposte vum Jean-Pierre Roemen an der Leidelenger Gemeng.
De Patrick Calmus iwwerhëlt de Schäffeposte vum Jean-Pierre Roemen an der Leidelenger Gemeng.
© Fränk Weber

D'Gemeng deelt e Samschdeg de Moien an engem Communiqué mat, dass de Jean-Pierre Roemen aus perséinleche Grënn seng Demissioun als Schäffe gefrot an och accordéiert krut.

De Jurist, dee weiderhin am Gemengerot wäert sëtzen, gëtt a senger Funktioun als Schäffe vum Patrick Calmus ersat, deen eestëmmeg vum Gemengerot als neie Schäffe gewielt gouf.

Bis zur Vereedegung duerch den Inneminister Gloden bleift de Jean-Pierre Roemen awer nach am Amt.

Den neie Schäffe Patrick Calmus gouf 2011 an de Gemengerot gewielt, erënnert d'Gemeng Leideleng nach am Schreiwes. Hien ass och President vun der lokaler Klimapakt-Kommissioun. Vu Beruff ass de Patrick Calmus Metallbauer an Enseignant am Secondaire.

Back to Top
CIM LOGO