Nuecht am Arrest verbruechtAlkoholiséierte Mann stellt sech zwee Mol op engem Owend de Batti

RTL Lëtzebuerg
Zwee Männer hunn d'Nuecht op e Samschdeg bei der Police am Arrest verbruecht, well si ze vill gedronk a sech donieft beholl hunn.
© Laurent Weber

Zu Ettelbréck war der Police hirem Bulletin no géint 22:50 Auer eng alkoholiséiert Persoun an engem Lokal an der Groussgaass gemellt ginn. Dës géing aner Clientë belästegen. Op der Plaz huet d'Patrull du gemierkt, datt et dee selwechte Mann war, dee schonn éischter deen Owend negativ opgefall war an eigentlech opgefuerdert war, heem ze goen. Well dësen däitlech ze vill gedronk hat, koum hien no enger medezinescher Kontroll an den Arrest.

Déi selwecht Nuecht ware Beamten op der Place de la Gare an der Stad op e Mann opmierksam ginn, dee gejaut a Sécherheetsbeamte belästegt huet. Och hien huet um Policebüro missen niichter ginn.

Back to Top
CIM LOGO