
Dat schreiwen d'Ministere Bausch, Fayot, Delles, Gramegna a Schneider an der Äntwert op eng parlamentaresch Fro vum CSV-Deputéierten Laurent Mosar.
Zum Beispill wier een den Ament wéinst der Kris méi flexibel bei der Gestioun vun de soziale Bäiträg, den trimesterielle Steieravancen an der TVA.
Iwwerdeem wieren den CCSS an d'Steierverwaltunge gefrot ginn, fir Betriber, déi virum Etat de crise "en règle" mat hire Steieren a Sozialchargë waren, déi néideg Certificaten auszestellen, déi fir ëffentlech Ausschreiwunge gebraucht ginn.
Dës Krisemesure géif awer kee Virwand bidden, fir net-konform Situatiounen ze regulariséieren.