
D’Bank BGL BNP Paribas muss zu Lëtzebuerg eng administrativ Strof vun 3 Milliounen Euro bezuelen.
Dat deelt d’Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF mat.
Hannergrond wieren deels grav Fäll vun Net-Respekt vun der Legislatioun fir de Kampf géint de Blanchiment a géint d’Finanzéierung vun Terrorismus. Dës Verstéiss wiere bei Kontrollen am Joer 2021 festgestallt ginn.