Vëlospist PC12 zu HoenBiergerinitiativ bleift weiderhi besuergt

Lisa Weisgerber
Zanter Abrëll gëtt tëscht Stengefort an Hoen un der neier Vëlospist PC12 geschafft, déi an Zukunft d'Stad Lëtzebuerg mat Arel verbanne soll.
Vëlospist PC12 zu Hoen: Biergerinitiativ bleift weiderhi besuergt
Zanter Abrëll gëtt tëscht Stengefort an Hoen un der neier Vëlospist PC12 geschafft, déi an Zukunft d'Stad Lëtzebuerg mat Arel verbanne soll.

De Projet féiert zum Deel iwwert déi fréier Atert-Eisebunnsstreck. Nieft de Bauaarbechte gëtt et awer weider Kritik vun enger Biergerinitiativ, déi sech Suergen ëm méiglech Schuedstoffer op der Plaz mécht.

Do, wou virun e puer Méint nach Schinnen an Eisebunnsschwellen ze gesi waren, sinn dës mëttlerweil ofgebaut. Fir d'Biergerinitiativ ass domat awer net all Fro gekläert. Si verweist op eng Analys, déi op eege Käschte gemaach gouf an no hirer Ausso héich Wäerter vu kontaminéiertem Schlakeballast gewisen hätt. Besonnesch well d'Aarbechten an enger Waasserschutzzon géife stattfannen, fuerderen d'Awunner méi Transparenz an eng strikt Anhale vun de gesetzleche Prozeduren.

D'Ponts et Chaussées gesinn d'Situatioun anescht. D'Verwaltung erkläert, datt et sech ëm eng fréier Eisebunnsstreck handelt, déi schonn Enn vun den 1960er Joren ausser Betrib geholl gouf. Zwar kéinten deemools aner Produite wéi haut benotzt gi sinn, mee duerch den Alter vun den Installatiounen an den Ofbau wier net méi dat do, wat verschidde Bierger géife fäerten.
Am Kader vum Projet gouf d'Planung tëschenzäitlech ugepasst. D'Ponts et Chaussées hunn eng nei Autorisatioun bei der Waasserverwaltung ugefrot. Zu enger méiglecher Ënnerbriechung vun den Aarbechte wollt sech Ponts et Chaussées den Ament net weider äusseren.

Fir d'Biergerinitiativ geet dat awer net duer. Si ass der Meenung, datt déi néideg Autorisatioune misste virleien, éier d'Aarbechten erëm weidergefouert ginn. Ausserdeem kritiséiert si, datt et keen offizielle Baustopp gëtt, a fuerdert e méi oppenen Dialog tëscht den Autoritéiten an den Awunner.

D'Initiativ insistéiert dorop, datt de Projet no de gesetzleche Virgabe realiséiert gëtt an all administrativ Schrëtt ofgeschloss sinn, ier de Chantier komplett virugeet.

Back to Top
CIM LOGO