Op eise StroossenZwee Motosfuerer, e Cyclist an e Foussgänger goufen ugestouss

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwochmoie waren d'Ekippe vum CGDIS véier Mol wéinst Accidenter am Asaz, bei deene jeeweils eng Persoun blesséiert gouf.
© Jeannot Ries

Um 8:07 Auer krut en Automobilist zu Märel an der Lonkecher Strooss e Motosfuerer ze paken. D'Stater Ambulancieren a Pompjeeë waren hei am Asaz.

Dat nämmlecht war eng hallef Stonn drop an der Route d'Esch zu Bieles de Fall. Hei waren d'Pompjeeën an d'Ambulancieren aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng op der Plaz.

Kuerz no 9 Auer gouf dann vu Veianen an der Grand-Rue e Vëlosfuerer vun engem Auto ugestouss. Hei waren d'Ambulancieren an d'Pompjeeë vu Veianen am Asaz.

Géint 10 Auer goufen dann de Samu an d'Ambulanciere vun Esch an d'Route de Bascharage op Nidderkuer geruff. Hei krut en Automobilist e Foussgänger ze paken. Och d'Pompjeeën aus dem Asazzenter Suessem-Déifferdeng waren hei op der Plaz.

Back to Top
CIM LOGO