
Wéi d'Police e Mëttwoch de Moie mellt, gouf et den 29. an den 30. Juni dëst Joer eng grouss Drogerazzia vun der Douane am Garer Quartier. Op deenen zwee Deeg ass et de Beamte gelongen, 8 presuméiert Drogendealer festzehuelen, déi och virun den Untersuchungsriichter koumen.
Mat deenen 8 Festname läit de Bilan vu Festnamen am Kontext mat Drogen eleng am Juni dëst Joer bei 35. Domat ass dat och déi héchst Zuel am Joer 2026.
Am Ganze goufen zanter Ufank vum Joer am Kader vun der Lutte géint d'Drogekriminalitéit hei am Land 148 Leit festgeholl, wéi et weider vun der Police heescht. Am Verglach: am ganze Joer 2025 goufe just 216 presuméiert Dealer festgeholl. Zejoert wéi och dëst Joer goufen déi allermeescht dovun an der Stad erwëscht.