
Vill Kritik gouf et en Dënschdeg an der Chamber, wou e Gesetzestext iwwert d'Revalorisatioun vun de Gesondheetsberuffer gaangen ass. Vun enger richteger Reform géif all Spuer feelen, et wier eng verpasste Chance fir de Beruff vum Infirmier wierklech ze revaloriséieren oder et wier eng provisoresch Léisung ënner Zäitdrock. Dat waren nëmmen e puer vun de Kritikpunkten vun der Oppositioun.
Den LSAP-Deputéierte Mars Di Barolomeo seet , datt d'Attributioune vun den Infirmière kloer definéiert an erweidert misste ginn:
"Et ass am Fong ganz einfach. D'Infirmièrë sollten dat dierfe maachen, wat se kënne maachen a woufir se ausgebilt sinn. Net méi, awer och net manner. Alles aneschters wär eng Verschwendung vu Fäegkeete vu Ressourcen."
Schonn d'Avise vun der Associatioun vun den Infirmièren d'ANIL, oder vun der Chambre des salariés waren extrem kritesch. Dem Marc Baum vun déi Lénk no misst et drëm goen, engem Gesondheetssecteur deen an enger Penurie ass, endlech déi Responsabilitéit an Autonomie ze ginn, déi um Terrain gefrot an och gebraucht gëtt:
"Et geet also drëm deenen Infirmièren de Feu wäert ze ginn, déi Responsabilitéiten, déi se an der Theorie geléiert hunn, och an der Praxis kënnen ëmzesetzen. Et geet drëm Akte fräizeschalten, déi en normale Bierger ouni Ordonnance an der Apdikt ka kréien, mee déi e Gesondheetsprofessionell net ouni administrativen Opwand däerf uwenden. An dobäi geet et och drëm Dokteren ze entlaaschten a Patiente méi séier a méi effikass ze versuergen."
Mam Gesetz géif een net just puer Upassungen maachen, huet d'Gesondheetsministesch Martine Deprez argumentéiert. Et géif een dem Beruff e méi modernen, präzisen a gesetzleche Kader ginn. De Gesetzesprojet géif déi klinesch Roll vun Infirmièrë besser unerkennen. E géif hir Missioune klären, d'Koordinatioun stäerken, a méi Rechtssécherheet schafen, sou nach d'Ministesch.