
De Kindy Fritsch huet an deene leschten Deeg um soziale Reseau LinkedIn ee Beamte vum Enregistrement perséinlech ugegraff an "allmächteg" genannt.
De Kindy Fritsch insinuéiert, de betraffene Preposé hätt arbiträr Decisioune geholl ouni rechtlech Basis, well den Enregistrement viru Geriicht duerch d’Instanzen erduerch géing verléieren.
D’Verwaltung, déi ënnert anerem fir d’TVA zoustänneg ass, seet, dem Kindy Fritsch seng Virwërf wieren onbegrënnt. D’Beamten hätten d’Ënnerstëtzung vun der Administratioun a si géifen hir Missiounen am Aklang mam Gesetz ausüben. Zu deene Missioune géif d’Feststellen an d’Andreiwe vun de Créancë gehéieren. Am Rechtsstaat géif een déi Decisioune viru Geriicht ufechten an net duerch perséinlech Attacken op Beamten.
Op Nofro heescht et beim Enregistrement, datt et eng ganz Rëtsch Geriichtsaffäre mam Kindy Fritsch gëtt. Dovun hätt hien der och scho gewonnen. Déi ugeschwaten Affär kéint een net kommentéieren, well d’Prozedur virun de Geriichter net ofgeschloss ass. D'Administratioun behält sech d’Recht vir, déi néideg Demarchen ze maachen, fir hir Reputatioun an déi vun hire Beamten ze schützen.