
Wéi d’Direktioun an engem Communiqué schreift, féiert si dat ënnert anerem dorobber zeréck, dass d’Clienten op aner, méi lukrativ Investitiounsméiglechkeeten zeréckgegraff hunn. Alles an allem haten d’BIL-Clienten zejoert méi wéi 16 Milliarden Euro Scholde bei der Bank. An deem Joer goufe vill manner Immobilieprête gemaach a vill Clienten hu Prête mat variabelem Taux méi séier zeréckbezuelt.
D’Bank huet knapp 44 Milliarden Euro u Verméige geréiert. Dat war liicht méi, wéi nach dat Joer virdrun. D’BIL huet dann och weider an hir Infrastruktur investéiert a sech informatesch komplett nei opgestallt.