De Luc Frieden am InterviewBilan no 100 Deeg nei Regierung: Mission accomplie!

RTL Lëtzebuerg
Et wier eng intensiv awer gutt Aarbecht mat ville Gespréicher tëscht de Ministèren.
Bilan no 100 Deeg neier Regierung
Et wier eng intensiv awer gutt Aarbecht mat ville Gespréicher tëscht de Ministèren, sou de Luc Frieden am RTL-Interview.

Dat ass de Bilan, deen de Staatsminister e Méindeg no den éischten 3 Méint vu senger CSV-DP-Regierung am Interview am Journal op RTL gezunn huet. Seng Aufgab als Regierungschef wier et, derfir ze suergen dass de Koalitiounsprogramm ëmgesat gëtt.

Bilan no 100 Deeg neier Regierung / vum Diana Hoffmann

Politik vum kalen Häerz? Nee, mat Häerz a mat Verstand!

Ass Schwaarz-Blo virop dem Patronat géigeniwwer frëndlech agestallt? Och mä net nëmmen, fënnt de Luc Frieden. Mir maachen eng Politik mat Häerz a Verstand, sou de Staatsminister. Déi éischt Amtshandlung wier och net dat ëmstriddent Heescheverbuet gewiescht - zu dem alles gesot wier - mee déi, de Leit méi Kafkraaft ze ginn an dat wier schliisslech eng sozial Mesure. Dass hien der Iwwerzeegung wier, dass Sue mussen erwirtschaft ginn, ier ee se verdeele kéint, dat wier jo gewosst. Ouni Wuesstem a Betriber, déi astellen, kee Sozialstaat. Och onse Pensiounssystem ass op héije Wuesstem ugewisen an dofir wëll de Premier eng breet an oppen Diskussioun. Kontrovers Debatte wiere wichteg fir d’Demokratie. De Problem net ugoen, géing bedeiten, dass hie seng Responsabilitéit net iwwerhuele géing.

An déi nächst Méint? Silence vaut accord a Simplification administrative

Konkret ass de Luc Frieden bei den Theme Simplification administrative a Vereinfachung vun de Prozeduren am Logement ginn. Nach virum Summer soll en entspriechend Gesetz kommen. An Zukunft bräicht et dann zum Beispill net méi fir all klenge Changement eng Baugeneemegung.

Staatsfinanzen: méi selektiv Aiden a spueren, mä net bei der Defense

Et kéint net méi jiddereen alles kréien, Subventioune sollen an Zukunft méi cibléiert ginn, huet de Luc Frieden widderholl ouni awer do konkret ze ginn. Just wat d’Defense betrëfft war hien onmëssverständlech: a Krichszäite misste leider d’Ausgabe klammen, d’Ukrain bräicht ons Hëllef. Et géing ëm d’Demokratie an ëm Wäerter goen an et wier och onse Krich, sou de Premierminister.

CSV-DP-Koaltioun – wat ass hänke bliwwen?

Freideg, de 17. November gouf déi nei CSV-DP-Regierung vereedegt. Hei e kuerze chronologesche Réckbléck: Couragéiert
U sech war déi sougenannt Rentemauer kee Sujet an der Walcampagne. Déi nei Sozialiministesch Martine Deprez awer wëll d’Debatt iwwer eng Reform ustoussen. De Projektiounen no kéinte vun 2027 un d’Depensë vun der Pensiounskeess méi héich si wéi d’Recetten. D’Oppositioun fäert eng Attack op de Sozialsystem.

Iwwerstierzt
Anescht wéi seng Virgängerin, hëlt den Inneminister Léon Gloden d’Heescheverbuet vun der Stad Lëtzebuerg un. Et ass net just eng vun den éischte politeschen Decisioune vun der neier Regierung, mee och eng ganz ëmstridden. Net just bei der Oppositioun. Ënner anerem de Weibëschof Léon Wagner an de Procureur Georges Oswald kritiséieren d’Entscheedung.

Generéis
Pünktlech fir den Neijoeschwiessel ginn annoncéiert Kaddoe confirméiert. De Steierbarème gëtt deemno u 4 Indextranchen ugepasst amplaz just un 2,5. Am neie Joer da Steiermoossname fir de Logement unzekuerbelen, wéi den zäitlech begrenzten Amortissement accéléré, grad wéi de bëllegen Akt. Deen och fir nei Locatiounswunnengen. De Staat wëll selwer méi nei Wunnenge kafen, fir abordabel ze verlounen. Dat hëlleft net just géint d’Logementsnout, mee och géint d’Kris a verschidde Branchë vum Bausecteur, déi jo ausgeruff gouf, fir datt betraffe Betriber en Deel vun hire Leit a Kuerzaarbecht schécke kënnen.

Kal erwëscht
Oder och net? Alerte rouge, Glëtz war fir mëttwochs de 17. Januar gemellt. “Bleift wa méiglech doheem”, esou den Opruff vun der Regierung um Virowend. Schoule sinn zou bliwwen, d’Leit sollen am beschten aus dem Homeoffice schaffen, fir Chaos an Accidenter ze vermeiden. Am Norde vum Land kënnt et bei wäitem net esou schlëmm wéi erwaart. D’CSV-DP-Koalitioun muss sech vereenzelt Kritik gefale loossen, iwwerreagéiert ze hunn.

Erféiert
Den Educatiounsminister Claude Meisch kritt Gewalt géintiwwer enger héijer Beamtin virgeworf. Eng Persoun wëll an engem Restaurant Zeie vun esou engem Virfall gi sinn. De Betraffenen a seng Beamtin dementéieren. De Premier erënnert, datt Ministere sech virbildlech ze verhalen hunn. Op dësem Méindeg koum dann d’Nouvelle, datt de Parquet den Dossier ouni Suitte klasséiert. Nodeem déi héich Beamtin gehéiert gouf, koum een zur Conclusioun datt et keng Elementer géif, déi op eng Strofdot hindeiten.

Motivéiert
Logement ass Chefsaach. De Premier invitéiert de Privatsecteur op déi grouss Logementsreunioun. Mam Zil, d’Käpp zesummezestrecken, fir ze kucke, wéi méi séier ka gebaut ginn. Enn Mee sollen d’Aarbechtsgruppen hir Conclusioune presentéieren.

CSV-DP-Koaltioun – chronologesche Réckbléck
Freideg, de 17. November gouf déi nei CSV-DP-Regierung vereedegt.

Back to Top
CIM LOGO