Meteolux mellt Alerte Rouge wéinst Äisreen vun en Mëttwoch de Moien un

© RTL Grafik / Shutterstock
Meteolux huet eng Alerte erausginn, wéinst Glatäis a Schnéi, deen e Mëttwoch de ganzen Dag iwwer erofkomme soll.
Fir den Norde gëllt eng Alerte orange vu moies 6 Auer bis Hallefnuecht. Hei geet ee vu 15 bis 20cm Schnéi aus. Och am Süde vum Land wäert et zolidd schneien, mat hei erwaarte 5 bis 10cm Schnéi.
En Dënschdeg de Owend huet Meteolux d'Alerte Orange wéinst Äisreen op eng Alerte Rouge gehéicht. Dës gëllt dann och fir dat ganzt Land, dat vun e Mëttwoch vu 6 Auer moies bis 14 Auer. Am ganze Land ass deemno mat Äisreen ze rechnen. Doriwwer, wéi vill Ree wäert falen, ka Meteolux den Ament nach keng kloer Previsioune maachen, heescht et op hirem Site. Et ass awer mat schwéiere Beanträchtegungen am Stroosseverkéier ze rechnen. Wie kann, soll Doheem bleiwen.
En Dënschdeg den Owend koum ënnert der Presidence vum Inneminister Léon Gloden d'Cellule de crise "Intempéries" zesummen. Och e Mëttwoch de Moien ëm 6 gëtt et hei nach emol eng Reunioun. D'Populatioun wäert iwwer verschidde Kanäl um Lafende gehale ginn, ënner anerem iwwer GouvAlert an SMS. Och op RTL.lu an iwwer Radio bleift Dir natierlech informéiert.
D'Schoul fält e Mëttwoch aus. Detailer dozou fannt Dir hei am Artikel.
D'Cellule de crise deelt mat, datt ee verschidde Precautioune sollt huelen. Wa méiglech soll een Doheem bleiwen a sech just fortbeweegen, wann et absolutt néideg ass. Wann ee sech awer muss deplacéieren, sollt een de Radio lauschteren an anere Leit Bescheed soen. Wann ee mam Auto ënnerwee ass, sollt een och ee klengen Noutfallpak mathuelen, fir de Fall datt d'Faart méi laang dauert.
Doheem soll een da seng Afaart an den Trottoir vu Schnéi befreien a streeën an et soll een d'Stroosse fir d'Stréiween fräihalen.
De Communiqué mat weideren Detailer an Hiweiser fannt Dir hei.
Op der Meteokaart vu Kachelmannwetter ass ze erkennen, dass et am Laf vum Moien och kann zu Äisreen, respektiv Glëtz kommen. Hei ass et dann och d'Warnung, dass dat dozou féiere kann, dass Äscht vu Beem kënnen ofbriechen. Och regional Stroumausfäll wiere méiglech.

© Andy Brücker
Ponts et chaussées hunn um Dënschdeg an der Mëttesstonn dann och scho gemellt, wéi eng Stroosse wäerte gespaart ginn, wann d'Wiederkonditiounen et verlaangen. Grad ewéi war et och de Rappell, dass Wanterpneue Flicht sinn. Wann ee sech net drun hält, kascht et 74€, falls ee vun der Police kontrolléiert gëtt.
Hei nach emol d'Lëscht vun de Strecken, déi d'office bei wanterleche Konditioune fir den Trafic gespaart sinn
• N27C tëscht de N27 an dem CR316
• CR101 Schëndels – Gousseldeng
• CR105B tëscht der N12 an dem CR105
• CR105 Gäichel - Äischen
• CR119 tëscht der N11 an dem Stafelter
• CR120 Rolleng – Schous
• CR122A/B Wuermer – Wuermer Bierg
• CR125* Walfer – Stafelter
• CR126B Sennengerbierg – Hueschtert • CR130 Guedber – Kéideng (Schiltzbierg)
• CR147 tëscht Rued an dem CR145
• CR148A tëscht Assel an der N28
• CR155 Fëlschdref – Altwis
• CR174* Déifferdeng – Hussigny(F)
• CR176 Lamadelaine – Vesquenhaff
• CD176A tëscht dem CR176 a Lasauvage
• CR181* Briddel – Bäreldeng (Bärelerbierg)
• CR189A Simmer - Giewel
• CR215A Rollenger Grond(N55) – Briddel
• CR226* Bouneweg – Izeg (Itzegerstee)
• CR226 Conter – Siren
• CR316 Mecher – Kauneref
• CR323 Lelleg – Holztem
• CR337 tëscht Beesleck an der belscher Grenz
• CR351 Dikrech – Ierpeldeng
• CR356 Iermsdref – Suewelbuer
• CR356B Folkendeng – Reisermillen
• CR364 Déiljen – Beefort
• CR376 tëscht Grandsen an dem CR339
• CR377 Kräizung tëscht der N7 a Branebuerg
• CR379 Méchela – Fléiber
• CR363 Wäiswampech – belsch Grenz)
TRAFIC: Aktuell Informatioune mat Kaart a Kameraen.