
Wéinst der aktueller Dréchent sinn all Prelevementer vu Waasser aus de Flëss verbueden, mat Ausnam vun der Musel. Ewéi d'Wasserwirtschaftsamt an den Ëmweltministère e Mëttwoch matdeelen, sinn d'Niveaue vun de meeschte Flëss hei am Land ënnert der Moyenne a se géinge weider erofgoen. Wéinst den héijen Temperaturen ass och manner Sauerstoff an de Flëss an d'kritesch Seuile fir d'Iwwerliewe vun der Fauna, also vun den Déieren, wiere schonn erreecht oder um Punkt erreecht ze ginn. Donieft géinge sech Verschmotzunge manner verdënnen.