Si huet Droit studéiert, huet an Etudë geschafft an d'Welt vum Recht vu banne kennegeléiert. Mä de Wee an de Barreau huet d’Sam Mores ni ageschloen. Net well si et net konnt, mä well si gemierkt huet, datt eppes anescht hir méi entsprécht. Haut ass si Bestatterin. Eng Entscheedung, déi fir vill Leit schwéier ze verstoen ass , fir si awer dee richtege Choix war.
Den Doud kënnt dacks ouni Virwarnung. Fir déi, déi hannerlooss ginn, bleift eng Welt stoen. A genee an dëse Momenter trëtt d'Sam Mores an d'Liewe vun de Familljen. Si organiséiert, beréit, lauschtert , mee virun allem: si ass do. Well heiansdo geet et net ëm grouss Wierder, mee einfach ëm d'Präsenz.
All Fall ass anescht. All Geschicht ass eenzegaarteg. Et ginn Deeg, déi méi schwéier sinn ewéi anerer. Schicksaler, déi een net einfach esou vergësst.
An dach muss d’Sam Mores funktionéieren, roueg bleiwen, Strukture schafen an engem Moment, wou fir anerer eng Welt zesummebrécht. Dat verlaangt net nëmmen Organisatiounstalent, mee virun allem emotional Stäerkt.
Vill Leit, déi bei si kommen, wësse selwer net, wat si solle soen. D'Trauer ass nach ze frësch, d'Situatioun ze surreal. An do fänkt hir Aarbecht un: nolauschteren, orientéieren, a lues a lues eng Struktur gi fir en Abschid, dee wäertvoll a respektvoll ass.
De Wiessel aus der Welt vum Droit an déi vum Doud war keng Flucht, mee eng Entscheedung. Amplaz vu Paragrafen a juristeschen Texter huet si sech fir d'Mënschen entscheet: Fir richteg Geschichten a richteg Emotiounen. Fir si ass et ee Beruff, dee vill méi ass, ewéi en Job.
Wann alles organiséiert ass, wann d'Zeremonie ofgehale gëtt, da gëtt et fir d'Familljen ee Moment, dee bleift: En Ofschloss an e leschte Bléck. E leschte Moment zesummen. An d’Sam Mores suergt dofir, datt genee dee Moment esou respektvoll a roueg wéi méiglech verleeft.
Et ass e Beruff, dee vill Leit léiwer net gesinn. Mee et ass och e Beruff, ouni deen et net geet. D'Sam Mores weist, datt och am schwéierste Moment vum Liewen eppes Wichteges entsteet: Mënschlechkeet, Respekt an d0Fäegkeet, fir fir anerer do ze sinn, wann et wierklech drop ukënnt.