DemoBis zu 250 Manifestanten an der Stad, 4 Persoune festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Op der Stater Gare hu sech e puer Honnert Persoune versammelt, fir géint d'Corona-Mesuren ze demonstréieren.

Wéi mir op Nofro vun der Police gesot kruten, hätte sech um 14 Auer eng 80 Leit op der Stater Gare versammelt. Géint 14.15 Auer ass d’Manifestatioun vun der Police begleet iwwert d’Nei Avenue a Richtung Stad gezunn.

D’Demonstratioun sollt iwwert de Boulevard Royal a Richtung Glacis geleet ginn, ma zu engem Moment wier e Grupp vu Leit um Niveau vum Boulevard Roosevelt an d’Foussgängerzone vun der Stad erakomm. E puer Gruppe sinn dunn duerch d’Stad gezunn.

En 2. Grupp vu Leit huet um Glacis demonstréiert.

Duerno goung et zréck a Richtung Gare, deen Ament waren der Police no eng 250 Leit bedeelegt.

Et koum zu e puer Perturbatiounen am Trafic. Bis ewell goufen awer keng Incidente gemellt, esou d’Police.

D'Manif huet kuerz d'Autobunn blockéiert
Op der Stater Gare hu sech e puer Honnert Persoune versammelt, fir géint d’Corona-Mesuren ze demonstréiere

Bis 17 Auer sinn nach kleng Gruppe vu Leit duerch d’Stroosse gezunn an hunn deels den Trafic gestéiert, elo ass d’Demonstratioun awer fäerdeg. Eisen Informatiounen no goufe 4 Persoune vun der Police matgeholl.

Back to Top
CIM LOGO