ZeienopruffBlesséierte Mann mat Stéchwonn am Been zu Ettelbréck

RTL Lëtzebuerg
Géint 20.45 Auer e Méindeg den Owend gouf d'Police an d'Foussgängerzon geruff, well hei e Mann duerch eng Blessur vill Blutt verluer hat.
© RTL (Archiv)

D'Beamten hunn e Mann op der Héicht vun der Galerie ugetraff, deen eng Stéchwonn am Been hat.

An deem Kader sicht d'Police elo no Zeien, fir den Zesummenhang vun der Dot kënnen nozevollzéien. Eventuell Zeie solle sech bei der Police vun Dikrech/Veianen op der Nummer 244 80 1000 oder der E-Mail police.diekirchvianden@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO