
Parkscheif oder léif Notiz
Et parkt ee sech iergendwou hin, wou een eng Parkscheif leeë muss, et huet een awer keng dobäi. Dierf een dann d’Auerzäit einfach op e Stéck Pabeier schreiwen? Nee, erlaabt ass dat net, wéi de Steve Hatto vun der FGFC erkläert.
Nei Indextranche
Wéi de Statec confirméiert, erfält den 1. September eng nei Indextranche. D’Paien an d’Pensioune ginn deemno vun dësem Mount un ëm 2,5 Prozent an d’Luucht.
Entwécklungen an der Ukrain
Den ukrainesche President Selenskyj verlaangt vum Weste weider 100 Kampfjetten. Domat wéilt ee verhënneren, dass Russland de Loftraum beherrscht.
Kee Fortschrëtt am Logement?
D’Inneministesch Taina Bofferding krut eng Rei vun hire Gesetzprojeten, déi wichteg Puzzelstécker an der Logementspolitik sinn, net duerch d’Chamber. De Staatsrot fënnt dës nämlech “onadaptéiert an disproportionéiert”.
D’Oppositiounsparteien iwwerdeems hunn hir eege Proposen, wéi een d’Situatioun um Marché verbessere kéint.
Stuerm op den US-Kapitol
Méi wéi zwee Joer ass et hier, dass den US-Kapitol zu Washington gestiermt gouf. Elo stounge Cheffe vun de “Proud Boys” viru Geriicht. Si ware fir de Virfall haaptverantwortlech. Ee fréiere Chef vun de “Proud Boys” krut 17 Joer Prisong, ee weidere krut 18 Joer.
Alles ok bei der Police?
Skandaléise Kuss
Nodeems den aktuell suspendéierte President vum spuenesche Futtballverband eng Spillerin op de Mond gekusst huet, refuséiert de Luis Rubiales weider a senger Funktioun zeréckzetrieden. Hien huet der FIFA elo e Video geschéckt, wou d’Spillerinnen de Geck mat der Situatioun maache sollen. Dëst soll hien entlaaschten. D’Mamm iwwerdeems ass am Hongerstreik fir géint d’Juegd op hire Bouf ze protestéieren.
Gewonnen a gekënnegt?
E Fransous huet am Casino zu Munneref e bësse méi wéi 180.000 Euro gewonnen. Dat sinn zwar keng Milliounen. Dem Mann geet dat awer duer, fir fréizäiteg an d’Pensioun ze goen. Et ass ee vun den héchste Gewënner, déi am Munnerëffer Casino jee ausbezuelt goufen.
An der Lëtzebuerger Konschtzeen
E Méindeg réischt huet de Kulturministère matgedeelt, dass den Artist Marc Henri Reckinger 2024 de Lëtzebuerger Konschtpräis kritt. An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg ass de Mann dunn am Alter vun 83 Joer verstuerwen.
Déidlech Hochzäit
A Jordanien war eng Koppel net ganz laang bestuet. Wärend der Feier hate Gäscht mat geluedene Pistoulen an d’Luucht geschoss. Den 20 Joer ale Bräitchemann gouf vun enger Kugel getraff an ass an der Klinik verstuerwen. Mat de Waffe ronderëm schéissen ass a Jordanien op Hochzäiten Traditioun. Dës gëtt awer vill kritiséiert, well et ëmmer rëm zu esou Virfäll kënnt.