
E puer vun de Froen, déi ee sech als Chauffer ëmmer nees stellt, hu mir dem Steve Hatto, Member vum Bureau exécutif vun der FGFC, gestallt.
D’Äntwert steet am Artikel 167bis vum Code de la Route an ass kloer: Et muss ee bloen Disk sinn. An der Reegel géif een awer och aner faarweg Varianten acceptéieren, esou de Steve Hatto. Alles anescht ass net erlaabt.

De Steve Hatto erkläert, dass an de Gemengen, fir déi hien zoustänneg wier (Miersch, Lëntgen, Fiels a Fëschbech), d’Agenten ëmmer Disquen dobäi hu fir Leit, déi keen hunn, ze depanéieren. Wann een den Agent gesäit: en deemno einfach uschwätzen.
Wann de Parkautomat defekt ass, misst een, wa méiglech bei den nächste Parkautomat goen an do en Ticket huelen. Dacks wieren d’Automaten esou programméiert, datt bei enger Stéierung um Display ze liese wier, wat ee muss maachen. An esou engem Fall sollt een och ëmmer der Gemeng Bescheed ginn, da wéissten d’Agente Bescheed a kéinten deementspriechend virgoen. Ausserdeem kéint de Problem behuewe ginn.
De Code de la Route kennt keng Toleranz, d’Agente géifen awer an der Reegel schonn eng gëlle loossen, och wann ee se net a Minutte kéint ausdrécken, erkläert de Steve Hatto.
Ass en Disk oder Ticket manner wéi 30 Minutten ofgelaf, kascht et 12 Euro, sinn et méi wéi 30 Minutte kascht de Protokoll 24 Euro.
Den Agent Municipal kéint rechtlech gesi keen Avertissement Taxé annuléieren. Iwwerall ausser an der Stad Lëtzebuerg kënnen d’Agenten awer bannent 30 Minutten eng Korrektur maachen, wa sech erausstellt, datt d’Situatioun anescht war, ewéi se sech de Moment vun der Kontroll presentéiert huet. Dës Korrektur kann och bedeiten, datt den Avertissement Taxé suppriméiert gëtt – ëmgangssproochlech schwätzen d’Leit da vun annuléieren.
No Oflaf vun deenen 30 Minutte géif nëmmen d’Méiglechkeet bleiwen, eng schrëftlech Kontestatioun bei der Police ze maachen, wann een der Meenung ass, datt de Constat falsch ass. D’Police iwwerpréift dann d’Situatioun an et kritt een eng Äntwert.