Virun allem iwwert d’Zukunft vum Lewis Hamilton gouf déi lescht Méint vill spekuléiert. Elo ass kloer: de 7-fache Weltmeeschter bleift bei Mercedes.

D’Mercedes-AMG F1 Team huet d’Kontrakter mat béide Pilote bis Enn 2025 verlängert. Domadder sinn dann och verschidde Rumeuren aus de leschte Méint widderluecht, dass de Lewis Hamilton bei Ferrari kéint wiesselen, fir do eng nei Erausfuerderung ze sichen. De Britt fiert zënter 2013 fir d’Team vu Brackley an huet sechs vu senge siwe WM-Titele mat Mercedes gefeiert. De Lewis Hamilton ass net nëmmen houfereg op déi vergaange Leeschtungen, mä hofft, och an Zukunft erëm un dës Succèsen unzeknäppen, och wann et am Moment net grad esou gutt leeft: "Mir halen un eisen Dreem fest. Mir kämpfe weider, egal wéi grouss dës Erausfuerderung ass. A mir wäerten erëm gewannen. Ech soen dem Team Merci, dass si mech op an nieft der Streck ënnerstëtzen. Eis Geschicht ass nach net zu Enn. Mir sinn determinéiert, zesummen nach méi ze erreechen, a mir wäerten net ophalen, bis mir dat realiséiert hunn.»

Parallel gouf och de Kontrakt mam George Russell bis 2025 verlängert. De jonke Britt ass zënter 2017 Deel vum Mercedes-Junior-Programm an ass Ufank 2022 bei d’Wierksecurie gewiesselt. De George Russell huet d’lescht Joer fir déi eenzeg Mercedes-Victoire 2022 gesuergt.

De Mercedes-Teamchef Toto Wolff betount, dass béid Verlängerungen nëmmen eng Formalitéit gewiescht sinn. "Et war eng onkomplizéiert Decisioun, fir mat eiser aktueller Koppel vu Fuerer och weiderhin zesummenzeschaffen. Et ass déi stäerkste Koppel am Peloton a béid Pilote spillen eng decisiv Roll, fir eis virun ze bréngen. Hir Stäerkt an d’Stabilitéit, déi si eis bidden, si wichteg Piliere fir eis zukünfteg Succèsen."