Am Alter vun 83 Joer ass de gebiertegen Ettelbrécker an der Nuecht op en Donneschdeg gestuerwen, dat huet seng Fra RTL géintiwwer confirméiert.

Ugefaange mat abstrakter Molerei huet hien Enn den 1960er Joren d'"Konsdrëfffer Scheier" an d'"Initative 69" gegrënnt. Weider war hien awer och nach als Zeechner a Sculpteur aktiv. Forméiert gouf de Marc Henri Reckinger op der Académie Royale des Beaux-Arts zu Bréissel, der Akademie vun de bildenden Künste zu Wien an der École des Beaux-Arts zu Paräis.

Wéi schonn d'Berthe Lutgen, déi de Lëtzebuerger Konschtpräis 2022 krut, gehéiert de Marc Henri Reckinger zu der Kënschtlergeneratioun, déi an den 1960er Joren d'"Erneierung vu kënschtleresche Liewen zu Lëtzebuerg" bewierkt hunn.

Och politesch war de Marc Henri Reckinger aktiv, esou huet hien 1970 d'"Revolutionär kommunistesch Liga" matgegrënnt, huet sech no e puer Joer awer aus der Politik zeréckgezunn a sech nees der Molerei verschriwwen. Geschafft huet hien als Konschtprofesser am Diddelenger Lycée Nic Biever.

Ufank 2021 war schonn de Fils vum Marc Henri Reckinger, de Museker Marco Reckinger am Alter vun 33 Joer gestuerwen.

D'Kulturministesch Sam Tanson huet d'Nouvelle vum Doud vum Kënschtler mat 83 Joer en Donneschdeg an enger Matdeelung bedauert: "Mir éieren haut ee passionéierte Mann a Kënschtler, deen net opgehalen huet, mat senger Konscht ze innovéieren an ze kämpfe fir eng besser Welt." D'Kulturministesch an hir Ekippe huet der Famill an de Frënn vum Marc Henri Reckinger iwwert dee Wee och hiert Bäileed ausgedréckt.

E Méindeg nach koum d'Confirmatioun, datt de Marc Henri Reckinger de Lëtzebuerger Konschtpräis 2024 fir säi Liewenswierk sollt kréien. Seng Wierker wieren "ee vun de wéinege Beispiller an eisem Land fir Protestkonscht," mam Zil, de Kapitalismus an déi national an international politesch Féierung, déi e representéiert, un de Pranger ze stellen. Wéi et an der Beschreiwung vum Kulturministère geheescht huet, hätt de Reckinger säi Liewe senge Wierker, sengem kënschtleresche Schaffen a sengem sozialen Engagement verschriwwen. De Präis sollt de 25. Oktober 2024 iwwerreecht ginn.