Keng Bank mat Kryptowärung zu Lëtzebuerg, wisou?Bob Muller vun der CSSF: "Mam Euro war kee wierkleche Besoin do"

Jeannot Ries
Kryptowärunge gi vu kenger traditioneller Bank zu Lëtzebuerg ugebueden. Firwat net? A wéi si Bitcoin a Co. hei am Land gereegelt?
Keng Kryptowärung op Lëtzebuerger Banken
2021 ass d’Regierung vu San Salvador als éischt op der Welt op de Wee gaangen, d’Kryptowärung Bitcoin offiziell zou ze loossen. Wisou net an Europa?

2021 ass d’Regierung vu San Salvador als éischt op der Welt op de Wee gaangen, d’Kryptowärung Bitcoin offiziell zouzeloossen. Dat als Géigegewiicht zum Dollar. Am Alldag mat Bitcoin bezuelen - Firwat net an Europa?

“Mir hunn den Euro. Eng ganz stabel Wärung. Eis Payement-Servicer si schonn héich digitaliséiert, och mam Euro. Dat heescht, do war elo kee wierkleche Besoin, op deen Zuch ze sprangen”, sou de Bob Muller vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF.

D’Kryptowärunge sinn en Investment-Produit

Den europäesche Kontinent géif, am Géigesaz zu Asien oder Amerika, éischter virsiichteg mat Kryptowärungen ëmgoen. 2008 goufe se wärend der grousser Finanzkris als Parallelle-Devis gebuer. Fir net méi vun zentralen Autoritéiten ofhängeg ze sinn. Haut wiere Kryptowärunge reng en Investment-Produit. Mat engem extreem spekulative Charakter a mat engem Marché, dee ganz Volatil ass. Dräi bis véier Mol méi wéi traditionell Finanzproduiten

“Dat kënnt dovun, well dee Marché extreem emotional ass. E reagéiert op en Tweet vun engem Politiker an dann explodéiert en oder geet an déi aner Richtung. An dat sinn u sech déi Geforen, déi ech muss als Investisseur gesinn. Dass ech net kann antizipéiere, wat u sech geschitt.”

E Marché dee virop jonk Leit uschwätze géif

Déi Responsabel vun der CSSF si sech es dann och bewosst, dat si hei verstäerkt opkläre mussen.

“An enger Obligatioun kucken ech, wat sinn d’Zënsen, déi ech kréien. An enger Aktie mengen ech, do ass e Potenzial, well do gëtt elo e Wirtschaftszweig, deen, dee kritt Valeur iwwert déi nächst Joren. An hei beim Krypto ass et eebe wichteg, de Verloscht éischter ze kucken. Dat heescht, dee Gewënn, dee kann ech net, ech gesinn net, wou dee Gewënn kann higoen. Beschtefalls kréien ech e Gewënn. Mee ech soll ëmmer kucken, wat ass mäi sougenannten Downside, wat kann ech verléieren a wat sinn ech da bereet, ze verléieren. Ab wéini soen ech, well dat do ass elo ze vill an ech klammen eraus, well soss verléieren ech einfach ze vill vu mengem Patrimoine.”

E Geschäft mat ze vill Risiko fir traditionell Banken?

Zanter Dezember d’lescht Joer gëllt bannent der EU dat sougenannte “Mica"-Gesetz. Do gëtt de Kader fir Krypto-Aktivitéite gesat. D’Banke kënnen elo och hire Clienten där Servicer bidden. Hei zu Lëtzebuerg ginn et zwou Lizenzen. Awer keng vun den traditionelle Banken ass bis elo op dee Wee gaangen.

“Dat Wichtegst ass natierlech, wéi kann ech als Bank dee Risiko, deen ech awer do aginn, wann ech an dat Geschäft eraklammen, geréieren? Hunn ech déi technesch Capacitéiten, ze verstoen, wat ech do dann ubidden? Dat heescht esouwuel an der Organisatioun, wéi vun der technescher Eeben hier, awer och an den Organes décisionels. Ech mengen och als Management wëll ech jo verstoen, wat sinn déi Geforen, déi ech elo als Bank huelen.

Traditionell Banke wieren haut ofhängeg vun net onbedéngt reglementéieren Acteuren, déi och net onbedéngt an Europa etabléiert sinn. De Coup, wou Enn Februar nordkoreanesch Hacker 1,5 Milliarden Euro u Krypto-Gelder iwwer d’Krypto-Bourse ‘Bybit’ geklaut hunn, géif och ofschrecken. Wann do eng Bank a Schiflag géif kommen, dann hätt net just de Krypto-Investisseur säi Geld verluer, ma all d’Clientë géife getraff.

Europäesch Zentralbank reagéiert op Krypto-Trend

Den Drang zu de Kryptowärunge gëtt vun de Banken, als Konkurrenz zu traditionelle Produiten erkannt. Mat Resultat, datt och d’Europäesch Zentralbank op de Wee gaangen ass, fir den digitalen Euro an d’Liewen ze ruffen.

Back to Top
CIM LOGO