Wéi eng Léiere sinn aus de leschten Demonstratioune gezu ginn? Wéi soll d’Police an Zukunft virgoen? Déi Diskussioun hat d’CSV fir an der Chamberkommissioun gefrot. Et wier inakzeptabel, dass franséisch Casseuren hei an d’Land kommen, fir Krawall ze maachen. Dat dierft net all Weekend geschéien.
Taktesch hätt d’Police sécherlech bäigeléiert, ma politesch wier awer nach net vill geschitt, fir d’Eskalatiounen ze verhënneren, bedauert den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. En Demonstratiounsgesetz wier elo zwar ugekënnegt, kéim awer ze spéit. Fir d’CSV wier dat e wichtege Schrëtt. An den Nopeschlänner gëtt et esou e Gesetz schonn, dorunner kéint ee sech inspiréieren. Nëmmen esou kéint ee kloer Konditioune virgesinn, un déi ee sech misst halen, esou de Laurent Mosar.
Net-ugemellten Manifestatioune sollte kënnen opgeléist ginn. Dee Virworf stoung no de Virfäll vum leschte Weekend am Raum. Ma eng Demonstratioun opléisen, wier méi einfach gesot wéi gemaach, esou den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser. Et sollt ee vill méi cibléiert géint d’Casseure virgoen an den organiséierte Vandalismus bekämpfen.
D’Organisateure misste mat engem entspriechende Gesetz dann och méi hir Verantwortung huelen. Dee gréissten Deel vun de Manifestante géing sech jo och un d’Reegelen halen, wéi zum Beispill un de Sécherheetsperimeter. Problematesch wier et awer de leschte Weekend éischter mat Gruppen aus anere Länner gewiescht. Et géing een ëmmer nees nei Konstellatioune vun Demonstrante gesinn, sot den Henri Kox. Et sollt een awer och net vergiessen, dass et der Police bis ewell gelonge wier, dass kee blesséiert an et och kee materielle Schued gi wier.
Wa gewësse Leit hei géint d’Reegele verstoussen, kéinte se dann och vun der Police interpelléiert ginn. Dat wier och dat, wat den nächste Weekend virgesinn ass, esou nach de Policeminister. Ausserdeem soll den Dispositif nach emol opgestockt ginn.