Nei Tariffer bei der Post vum 1. Februar unBréiwer gi méi deier, Päck deels méi bëlleg

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Post en Dënschdeg matdeelt, gëlle vum 1. Februar 2025 un nei Tariffer. Verschiddenes gëtt méi deier, ma aneres och méi bëlleg.
© RTL-Archiv

D’Tariffer fir national an international Päckel a Bréiwer géife geännert ginn, fir déi laangfristeg Rentabilitéit vun de Servicer vun der Post ze garantéieren, heescht et am Communiqué.

Deemno gi vum 1. Februar u sechs geografesch Zonen definéiert, an deene jeeweils eegen Tariffer gëllen - nieft Lëtzebuerg also nach fënnef international Zonen.

Zu der Zon 1 gehéieren nieft den Nopeschlänner och nach Holland a Portugal. Hei wier d’Ännerung wéinst dem héije Volume u Päckelcher fir d’Konsumente a verschiddene Fäll besonnesch virdeelhaft, virun allem och fir den nationalen E-Commerce. Esou géif d’Schécke vu Päck mat manner wéi 2 Kilo an d’Nopeschlänner oder och a Portugal an Holland ëm d’Hallschent méi bëlleg ginn.

Päck bis 2 Kilo, déi national verschéckt ginn, kaschten dogéint vum 1. Februar un net méi 6 Euro, mee 7,20 Euro. Fir en décke Pak am Land ze verschécken, dat kascht geschwë keng 12 Euro méi, mee 22 Euro.

Wie vum 1. Februar u wëll Bréiwer verschécken, dee muss och méi déif an d’Täsch gräifen. Vun elo 1 Euro geet de Präis fir ee Standard-Bréif dann op 1,20 Euro erop. Fir europäesch Bréiwer geet de Präis ëm 30 Cent op 1,70 Euro erop, wärend ee fir e Bréif an en Drëttland 65 Cent méi bezilt (2,40 Euro).

D’Post-Entreprise deelt dann och mat, datt an der Moyenne all Stot zejoert nëmmen nach véier Timbere gebraucht huet.

PDF: Iwwersiicht nei Tariffer bei der Post

Back to Top
CIM LOGO