Won war och nach geklautBrigang ouni Permis no Accident ënner Drogen- an Alkoholafloss festgeholl

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police matdeelt, hat ee Brigang et nawell drop ugeluecht, esou zimmlech all Reegel ze briechen nodeem hien en Auto geklaut hat.
© RTL Archivbild

Kuerz no 3 Auer an der Nuecht op en Donneschdeg war et an der Rue Tony Rollman um Kierchbierg zu engem Accident komm. Eng Policepatrull ass op d’Plaz kucke gefuer. En Alkohol- wéi och Drogeschnelltest ware positiv. Et huet sech dann och nach erausgestallt, dass de Won an där Nuecht geklaut gi war an de Chauffer hat kee valabele Fürerschäin.

Op Uerder vum Parquet gouf de Mann festgeholl a koum den Dag dono virun den Untersuchungsriichter. Den Auto gouf séchergestallt a koum zeréck bei säi Besëtzer.

Back to Top
CIM LOGO