ChamberBudget 2022 gouf mat de Stëmme vun der Majoritéit ugeholl

RTL Lëtzebuerg
Mat de Stëmme vun LSAP, déi Gréng an DP ass de Budget fir dat nächst Joer ugeholl ginn. D'Piraten, d'CSV, den ADR an déi Lénk waren dogéint.
© RTL Grafik

En Donneschdeg de Moien ass de Budgetsprojet vum nächste Joer mat de Stëmme vun der Majoritéit, 31 Mol “Jo” an 29 Mol “Nee”, gestëmmt gëtt. D’Oppositioun war, wéi erwaart, dogéint. Fir den Ofschloss vun de Budgetsdebatten ass de Finanzminister Pierre Gramegna um Enn op eng Rei Remarken agaangen, déi déi Deeg virdrun am Plenum gemaach goufen. Net ouni eng gewësse Satisfaktioun huet den demissionäre Minister bei sengem leschten Optrëtt an där Funktioun annoncéiert, datt d’Prozedur vu Bréissel wéinst der Luxletters-Affär klasséiert gouf.

Extrait Pierre Gramegna

Et misst awer weider um Image vun der Finanzplaz geschafft ginn, sou nach de Pierre Gramegna. Op kee Fall zréckfalen an eng Situatioun, wou een isoléiert wier a quasi als eenzegen op der Welt un eppes festhält, wat soss kee mécht. Op sou Affäre sollt de Standuert Lëtzebuerg verzichten.

Verschidden Deputéiert hätten esou gemaach, wéi wann d’Regierung iwwerhaapt keng Steierreform gemaach hätten, huet de Pierre Gramegna weider bedauert. Déi hätt ëmmerhi 400 bis 500 Milliounen Euro kascht. Datt déi nächst Steierreform net realiséiert ka ginn, wier natierlech bedauerlech. Eng käschtenneutral Individualiséierung wier zwar vläicht ze finanzéieren, mä da géif een eng Reform maachen, “déi kee Beléiftheetsgrad” huet. Eng kloer Ofso gouf et vum Pierre Gramegna zu den CSV-Proposen, de Steierbarème un d’Inflatioun unzepassen an de bëllegen Akt z’erhéijen.

RTL-News: Budgetsried Pierre Gramegna: Eiser Ekonomie geet et gutt
Reaktiounen op d’Budgetsried: CSV an déi Lénk nenne vill Kritikpunkten, DP hieft sozial Oder nach eemol ervir
RTL-News: Dan Biancalana: Budgetsrapport mat Fokus “Méi Sécherheet op allen Niveauen”

Back to Top
CIM LOGO