“Lëtzebuerg ass eng sozialgerecht Gesellschaft an eng Pärel um Planéit, passt gutt op eist Land op”, gëtt hien den Deputéierten dann als leschten Tuyau mat op de Wee.
De Finanzminister hat a senger Budgetsried nëmme Guddes matzedeelen. Säi Bild vun engem bloen Himmel iwwert de Staatsfinanzen, wou sech déi däischter Wolleken ëmmer méi verzéien, hätt sech weider confirméiert. Wou d’Regierung 2013 ugetrueden ass, wier d’Nohaltegkeet vun de Staatsfinanzen net méi geséchert gewiescht. Mesuren, wéi den Zukunftspak, hätten erméiglecht, datt de Stabilitéits- a Wuesstemspakt vun dësem Joer un nees kéint agehale ginn.
Deemools, 2013 hätt och de Standuert Lëtzebuerg vum Forum Mondial vun der OECD eng Datz kritt. Reegelen hätten dowéinst misse geännert ginn, fir de weltwäiten Image vum Land kënnen ze verbesseren. Wärend 2 Joer stoung d’Land op der Schwaarzer Lëscht.
“Mir sinn an enger Rekordzäit par Rapport zu all anerem Land erofkomm, mee mer waren 2 Joer op der Schwaarzer Lëscht. Wann ech iech ee Message ka loossen, fir d’Zukunft: Mer mussen alles maachen, fir ni méi op eng Schwaarz Lëscht ze kommen.” erkläert de Pierre Gramegna.
D’Besteierung vun de groussen Entreprisë wier mam neien Taux effectif minimum vu 15 Prozent méi gerecht. Eng Initiativ, déi ee géing ënnerstëtzen. Duerch esou Efforte wier d’Attraktivitéit vum Land zwar e bëssi a Fro gestallt ginn, mee et stéing een haut als Finanzplaz besser do wéi gëschter.
Extrem héich extraordinär Ausgaben huet de Staat da missten d’lescht an dëst Joer wéinst der Pandemie maachen.
“D’Regierung huet, global gekuckt, also säit dem Ufank vun der Pandemie, fir dës Gesondheetsmesuren 390 Milliounen Euro mobiliséiert. Mer hunn och esouvill Impfstoff kaaft, wéi mer konnte fannen. Bis elo 1,27 Milliounen Dosisse fir e Käschtepunkt vu ronn 13 Millioune bis haut. Mir hunn natierlech och Hëllefe gemaach, fir ze evitéieren, datt eng Rëtsch Firme faillite géife maachen.”
Dozou zielt de Chômage partiel, deen zanter leschtem Joer ausbezuelt gëtt, a bis haut 810 Millioune kascht huet. D’Aides directes fir d’Entreprisen aus den éischte Méint fannen da mat 105 Milliounen hiren Nidderschlag am Budget, an de Fonds de relance et de solidarité mat 260 Milliounen.
Insgesamt wier ee gutt duerch d’Kris komm: “Mir sinn awer och eent vun de Länner, wat am séiersten aus der Kris erauskomm ass. Dir wësst, datt mer d’lescht Joer nëmme Minus 1,8 Prozent Chutte vum PIB haten, woubäi d’Moyenne vun Europa bei 6,5 louch.”
Fir 2021 gesäit de Statec eng Croissance vu 7 Prozent vir. Enn dëst Joer gëtt erwaart, bei de Recetten 10 Prozent iwwert deem ze leien, wat am Budget fir dëst Joer geschat gouf. Beim Zentralstaat bleift awer en Defizit vun iwwer enger Milliard Euro fir dëst an d’nächst Joer.
Fir och an Zukunft de globale Changementer entgéint ze wierken, wieren nieft strukturelle Reformen och qualitativ héich Investissementer néideg. 2014 louchen dës bei 3,4 Prozent vum PIB, haut leie se bei 4,5 Prozent.
De Pierre Gramegna stellt heifir seng Léisung vir: “Mir sollen an Europa ufänken, net méi vun duebel Transitioun ze schwätzen, mee vun engem mageschen Dräieck. Déi eng Säit vum Dräieck ass déi Gréng- a Klimatransitioun, déi aner Säit ass d’Digitaltransitioun an déi drëtt ass soutenabel a gréng Finanz. Ouni responsabel a gréng Finanzwelt packe mer déi zwou Transitiounen net.”
Fir d’Finanz ze transforméieren, missten d’Portefeuillë vun den Investitiounsfongen och méi nohalteg ginn. Hei missten d’Banke selwer Prioritéite setzen, fir lues a lues op Null ze kommen, an esou eng Transitioun ze organiséieren.
Bilan compétitivité et résilience 2021: très bonne résistance de l’économie luxembourgeoise (15.12.2021) | |
| |
| |
L’Observatoire de la compétitivité - Luxembourg Stratégie du ministère de l’Économie vient de publier son Bilan compétitivité et résilience 2021. Face à la crise sanitaire liée à la pandémie COVID-19, le Bilan a été augmenté de la dimension de résilience. En effet, une économie capable de se relever rapidement et vigoureusement peut rester compétitive. Le Bilan compétitivité et résilience consacre un chapitre à la notion de résilience basée sur les «Resilience Dashboards» de la Commission européenne. Le Bilan propose une analyse de la pertinence de la démarche de résilience au cas luxembourgeois. Le ministre de l’Économie Franz Fayot précise aussi dans la préface l’importance du sujet et souligne qu’«anticiper, développer une stratégie de continuité et de sécurité afin de se préparer du mieux possible aux menaces potentielles doit figurer en haut de l’agenda stratégique du pays». Le Luxembourg progresse d’une place dans le tableau de bord national de la compétitivité La nouvelle édition du Bilanévalue aussi la position compétitive du Luxembourg dans l’Union européenne à la suite d’une année atypique et dresse un état de la situation économique, sociale et environnementale pour 2020. Dans le tableau de bord national de la compétitivité, le Luxembourg se classe 3e parmi les États membres de l’UE et gagne ainsi une place dans le classement général. En particulier, le Luxembourg renforce sa position en matière économique et se classe désormais 8e pour cet aspect. Le Luxembourg maintient sa 2e position en matière sociale et progresse légèrement dans l’aspect environnemental en se classant 5e dans ce domaine. Comme dans les éditions précédentes, le Bilan analyse également une série de benchmarks internationaux. Globalement, le Luxembourg fait toujours assez bonne figure dans les classements de compétitivité territoriale, malgré que sa position se soit légèrement détériorée au cours des cinq dernières années. Ceci vaut également en matière de digitalisation et d’innovation, deux facteurs clés de la compétitivité pour lesquels la performance du Luxembourg reste toutefois au-dessus de la moyenne des États membres de l’Union européenne. Outre les benchmarks présentés traditionnellement, cette édition du Bilan propose encore un regard sur l’attractivité de la place financière. Ici, le Luxembourg parvient à se classer parmi les principaux centres financiers du monde et est considéré comme plate-forme internationale de premier plan pour la finance durable. En complément de l’analyse de la compétitivité, le Bilan compétitivité et résilience 2021 offre un regard sur les principaux indicateurs et objectifs nationaux du Luxembourg dans le cadre du semestre européen. Enfin, le Bilan donne un aperçu de différentes études réalisées par l’équipe de Statec Research, notamment sur le rôle de la confiance dans le respect des politiques de santé. Une deuxième contribution présente la méthode utilisée pour les prévisions à très court terme de la croissance du PIB. Enfin, une étude se basant sur la dernière vague de l’enquête Global Entrepreneurship Monitor (GEM) met l’accent sur les réponses et réactions des entrepreneurs luxembourgeois face à la crise COVID-19. Le Bilan compétitivité et résilience 2021 peut être téléchargé sous le lien suivant: https://odc.gouvernement.lu/fr/publications.html. |
RTL-Artikel (14.12.2021): Dan Biancalana: Budgetsrapport mat Fokus “Méi Sécherheet op allen Niveauen”
RTL-Artikel (15.12.2021): Reaktiounen op d’Budgetsried: CSV nennt vill Kritikpunkten, DP hieft sozial Oder nach eemol ervir