Wéinst versichtem Mord gesichtBundespolizei liwwert Albanerin u Lëtzebuerg aus

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg hunn déi däitsch Autoritéiten eng 32 Joer al Fra un hir lëtzebuergesch Kolleegen ausgeliwwert.

D'Fra gouf via europäeschen Haftbefeel gesicht, dat wéinst illegalem Besëtz vun enger Schosswaff, Drogebesëtzt a Mordversuch.

Am November 2020 soll si zu Réimech op e Mann geschoss an deen dobäi um lénke Been an um rietse Fouss blesséiert hunn. Well de Mann awer nach konnt flüchten, hätt hien dëst iwwerlieft.

Back to Top
CIM LOGO