War Direkter vum Delhaize zu LëtzebuergCactus engagéiert de Cédric Gonnet als neien operativen Direkter
E Mëttwoch de Moien huet Cactus annoncéiert, de Cédric Gonnet als neien Directeur opérationnel am Grand-Duché agestallt ze hunn.
De Cédric Gonnet trëtt säin neie Posten den 1. Januar 2025 un. Hie géif méi wéi 30 Joer Erfarung am Commerce matbréngen an hätt och schonn Direktiounsposte bei de lëtzebuergesche Filiale vun de Gruppen Delhaize a Mediamarkt/Saturn gehat.
Communiqué vun der Cactus S.A.