
Wéi et heescht, hätt de Chauffer vun engem Camion op der Héicht vun der Hausnummer 21 e Foussgänger ze pake kritt. Fir de Mann vu 85 Joer koum all Hëllef ze spéit, hien ass nach op der Onglécksplaz gestuerwen.
D’Strooss gouf nom Virfall bis op Weideres fir den Trafic gespaart. D’Police technique gouf op d’Plaz geruff.
D’Police sicht dann och no Zeien, déi hëllefe kënnen, ze klären, wéi et zum Virfall komme konnt. All d’Informatioune si fir de Policebüro vu Réimech/Mutfert um (+352) 244 77 1000 oder per E-Mail op Police.REMICHMONDORF@police.etat.lu.
