
D’Streck, déi voll mat Beem louch, war wärend den Opraumaarbechten a béid Richtunge komplett fir den Trafic gespaart.
Wéi méi spéit am CGDIS-Bulletin gemellt gouf, wier eng Persoun beim Accident blesséiert ginn. Ausserdeem soll d’Camionnette dem Bulletin no an e Bam gerannt sinn, dee schonn ëmgefall war.
Um Asaz waren d’Pompjeeë vu Groussbus an aus dem Préizerdaul, grad ewéi d’Ambulanciere vu Réiden.
Iwwerdeem sinn en Donneschdeg de Moie kuerz no 7 Auer an der Blummendaller Strooss zwee Autoen anenee gerannt. Hei koum keng Persoun zu Schued. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vu Jonglënster.