
Virun der Partie hat ee sech nom mëttelméissegen Optrëtt géint d‘Côte d‘Ivoire an der schwaacher Leeschtung géint Ecuador eng Reaktioun vun der DFB-Ekipp erwaart. Ma och géint Paraguay konnt ee spilleresch net iwwerzeegen. An 120 Minutte goufe wéineg kloer Golchancen erausgespillt, et huet u Vitesse gefeelt an och u Confiance. Fir de Marc Oberweis ass et och eng Fro vu Qualitéit.
„Si waren ouni Iddi, si hate kee Fond de Jeu. Si sinn elo 30 Deeg zesummen an ech froe mech wierklech, wat si do trainéiert hunn. Och déi zwee Matcher virdru war et scho schwaach. Dacks war deen, wou de Ball hat, déi äermste Sau um Terrain. An dat kann eigentlech net sinn, wann s de Spiller vu Bayern München, Real Madrid an Arsenal London hues. Si si qualitativ definitiv besser besat wéi Paraguay.“
Mir hunn eis mam RTL-Fussballexpert Marc Oberweis iwwert d'Eliminatioun vun Däitschland an Holland ënnerhal. Richteg iwweraschend ass et fir hien net.
D'Kritik un der Ekipp an virun allem dem Nationaltrainer Julian Nagelsmann ass um Dënschdeg natierlech riseg. De Coach huet eigentlech nach ee Kontrakt bis no der EM 2028, mee säi Stull steet awer elo op ganz wackelege Been. D‘Sympathie bei der däitscher Press an och de Supporter hale sech gefillt a Grenzen an och säin Optrieden no bausse gëtt kritiséiert.
"Bei Bayern München war hie genau aus deene selwechte Grënn net onëmstridden an och dowéinst huet et him deemools säi Job kascht. Et ass een, dee gäre mat plakativen Aussoen op sech opmierksam mécht, respektiv esou den Drock vun der Ekipp wëll ewech huelen. Dat ass wuel dacks gutt fir d‘Boulevard Press, mee awer an enger Ekipp kënnt dat seele gutt un. Hien ass nach ee relativ jonken Trainer, dee sech awer nach als éischt um ganz héijen Niveau muss beweisen. Du muss also däitschen Nationaltrainer souverän optrieden an dat hunn ech e bësse bei him vermësst."
Holland huet sech och am Eelefmeterschéisse géint de Maroc musse geschloe ginn. Marokko zielt ouni Zweiwel zu deene beschten Ekippen aus Afrika, nawell muss och den hollännesche Futtball sech hannerfroen, sou de Marc Oberweis.
"De Maroc ass schonn ee gudde Géigner, eng Top-Ekipp, dat hu se spéitstens um Afrika-Cup bewisen. Si hu Spiller, déi um héchsten europäeschen Niveau spillen an fir mech ass et keng Iwwerraschung, datt si sech um Enn géint Holland duerchgesat hunn. D‘Hollänner hunn en änleche Problem wéi Däitschland. Si hu gutt Spiller, mee awer net méi esou an der Breed. Holland bréngt et elo zanter Joren net fäerdeg eng gutt agespillten Nationalekipp ze hunn."
Nom Match vun Däitschland géint Paraguay sot de Manuel Neuer an engem Interview, datt et fir hien dee leschte Match am DFB-Trikot war.