
D'Gewerkschaften haten den CPTE jo als eng Farce bezeechent an dowéinst net méi un de CPTE-Reuniounen zu drëtt deelgeholl.
D'Stëmmung wier elo mol besser an et stellt ee sech op konstruktiv Gespréicher an, esou hunn et Gewerkschaften a Patronat bei hirer Arrivée am Aarbechtsministère op d'mannst e Mëttwoch de Moie gesot. Dräi Sujete stinn um Ordre du Jour: Diskutéiert gëtt iwwer d'Plattform-Aarbecht, d'Ëmsetze vun der Direktiv fir méi Loun-Gerechtegkeet tëscht Fraen a Männer an d'Kollektivverträg. Et wéilt een elo awer och net ënner Zäitdrock diskutéieren.