Gesondheetsministesch Martine DeprezPlan canicule hätt funktionéiert, vill Santésgebaier awer nach net adaptéiert

RTL Lëtzebuerg
D'Gesondheetsministesch Martine Deprez huet e Mëttwoch de Moien an der parlamentarescher Santéskommissioun gesot, datt de Plan canicule bei der Hëtztwell funktionéiert hätt. Donieft huet si awer zouginn, dat vill Gebaier am Santésberäich nach net adaptéiert wieren.
© Screenshot Chamber

"Eise Plan canicule huet funktionéiert. Mir preparéieren eis op déi nächst Canicule. D’Fro ass net ob se kënnt, mee wéini se kënnt." Dat sot d’Gesondheetsministesch Martine Deprez e Mëttwoch de Moien an der parlamentarescher Santéskommissioun. Op Demande vun der LSAP war iwwer d’Gestioun vun der leschter Hëtztwell diskutéiert ginn an iwwer d’Léieren, déi een dorausser zitt.

Kloer wier awer, datt vill Gebaier am Santésberäich net adaptéiert wieren, fir esou Canicullen ze iwwerstoen, gëtt déi zoustänneg CSV-Ministesch zou. Personal a Patiente kéimen ënner Stress. Déi concernéiert Acteure géinge sech elo zwee mol d’Woch gesinn, fir ze kucken, wéi een d’Gebaier kuerzfristeg, awer och laangfristeg kann adaptéieren. Aktuell gëtt scho vill iwwer eng nächst Hëtztwell spekuléiert déi virun der Dier géing stoen. E Freideg gëtt do de Point gemaach, huet d’Martine Deprez präziséiert.

Back to Top
CIM LOGO