Vermësstemeldung13 Joer aalt Maria-Estrela Martinho Zanier fir d'lescht en Dënschdeg gesinn

RTL Lëtzebuerg
D'Police huet eng Vermësstemeldung fir d'Maria-Estrela Gabriela Scolastica Martinho Zanier erausginn. D'Meedche gouf fir d'lescht en Dënschdeg géint 16:15 Auer gesinn.
© Police Lëtzebuerg / RTL

Dat 13 Joer aalt Maria-Estrela Gabriela Scolastica Martinho Zanier gouf deemno déi lescht Kéier den 30. Juni no 16:15 Auer gesinn.

D'Meedchen ass 1,65 Meter grouss, vu schlanker Statur, huet brong Hoer mat blonde Fliichten (däitsch Strähnen, ndlr) a brong Aen.

Wéi hatt fir d'lescht gesi gouf, hat hatt eng gro Joggingsbox un, e schwaarzen Tshirt an en Nuespiercing.

Wie weess, wou d'Meedche kéint sinn, soll sech bei der Police op der Nummer 244 40 1000 oder per Mail u police.capitale@police.etat.lu mellen.

Back to Top
CIM LOGO