Wéinst MaintenanceaarbechtenVerschidde Banking-Servicer vun der Post iwwert de Weekend net disponibel

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Post e Mëttwoch an engem Schreiwes matdeelt, wäerte wéinst Maintenanceaarbechte vun e Freideg 15 Auer bis e Méindeg am Laf vum Moien eng Rei Banking-Servicer net disponibel sinn.

Betraff si wärend dëser Maintenance d'Banking-Servicer an de verschiddene Post-Filialen, den Accès zur e-Banking-App "eboo", d'Consultatioun vu Konten an Dokumenter, d'Virementen a Prelevementer, wéi och de Callcenter vu Post Finance.

D'Post weist dann awer och drop hin, datt Paiemente mat der Kaart, wéi och d'Geldautomaten iwwert de ganze Weekend normal funktionéiere wäerten an deemno net concernéiert sinn.

Am Laf vun e Méindegmoie sollen déi concernéiert Servicer da schrëttweis nees normal lafen.

Fannt hei d'Schreiwes vun der Post

Back to Top
CIM LOGO