"Rett den Igel!"Schoulkanner maache sech Suergen ëm de Kéiseker

Lea Schwartz
No enger Geschicht iwwert ee Kéiseker waren d'Kanner aus der International School am Michel Lucius esou faszinéiert vum pickegen Mamendéier, dass si sech elo fir den Igel asetze wëllen, deen ass nämlech a Gefor, auszestierwen.
Schoulkanner maache sech Suergen ëm de Kéiseker
No enger Geschicht iwwert ee Kéiseker ware Schüler esou faszinéiert vum pickegen Mamendéier, dass si sech elo fir den Igel asetze wëllen.

"Léiwen RTL, mir wollte froen, ob dir eis hëllefe kënnt, ganz Lëtzebuerg ze erzielen, dass mir den Igele mussen hëllefen", dat stoung an engem Bréif, deen eis Redaktioun viru puer Woche kritt hutt. Geschriwwe vum siwe Joer ale Sienna aus dem 2. Schouljoer an der International School am Michel Lucius.

Zesummen mat hirer Joffer, der Emma Clarke, hunn d'Schüler virun enger Zäit ee Buch iwwert een Igel gelies. Am "Hodgeheg" geet et ëm e Kéiseker, deen d'Buschtawe verwiesselt.

"Mir hunn d'Buch gelies an ee vun de Kanner sot: Wat ass een Igel? Mir hunn ugefaangen ze verstoen, dass net méi sou vill Igelen do sinn am Verglach zu deemools, wéi ech e Kand war. A sou hunn Recherchen ugefaangen", erkläert d'Emma Clarke.

D'Kanner hu vu sech aus ganz vill Biller gemoolt an an hirer Fräizäit souguer Haiser fir d'Igele gebaut.

Keng Mëllech, dofir eng Igelstrooss – wat Igele brauchen

Op kee Fall sollt een Igele Mëllech ze drénke ginn. Wann een hinne Fudder bereet wëll stellen, da Kazefudder.

Eigentlech friessen si gäre Schleeken an aner Insekten an dat hëlleft och deene Mënschen, déi ee Gaart hunn, fënnt den Alex: "Si iesse Schleeke vum Geméis. Ouni si gëtt d'Geméis schlecht. A mir hätte manner Iessen."

Dat sinn e puer vu villen Informatiounen, déi d'Schüler aus dem 2. Schouljoer gesammelt hunn. Si hu ganz vill Texter iwwer Igele gemaach, hu Reportage vum Sir David Attenborough gekuckt a sech am Internet informéiert. Zum Beispill um Site vun der Wëll Déierestatioun zu Diddeleng oder iNaturalist.

"Pestizide si schlecht fir d'Igelen, well et ass Gëft fir d'Schleeken. An Igelen iesse Schleeken. An dann iesse si d'Gëft mat an da stierwe si", erkläert de Lourenco.

Wat Leit mat engem Gaart awer kéinte maachen, wär, eng Aart Igelstrooss ze erméiglechen. "Wann's du een Drot hues, kanns du e klengt Lach am Drot loossen – eng Igelstrooss. Esou kënne si erakommen", erkläert d'Maria.

Wann d'Kéiseker vun engem Gaart an deen nächste kënne lafen, erliichtert dat hiert d'Liewen a si si besser geschützt, wéi wa si ëmmer nees iwwert Autosstroosse lafe mussen.

Igelen a Gefor

Allgemeng si sech awer d'Kanner all eens: Den Igel muss gerett ginn. "Si verdéngen net ze stierwen. Si maachen eng gutt Aarbecht", ënnersträicht den Alex.

De Bestand un Igelen ass déi lescht Joer zréckgaangen. D'IUCN (International Union for Conservation of Nature) huet den europäeschen Igel 2024 nei klasséiert. En ass an der Kategorie "Near Threatened".

Déi lescht 10 Joer ass de Bestand an deene Länner, déi Zielunge maachen, tëscht 16 an 33 Prozent erofgaangen. Zu Lëtzebuerg ginn et keng offiziell Informatiounen iwwert d'Unzuel vun Igelen.

©
Screenshot vun www.iucnredlist.org, geholl den 30.06.2026 um 18h45

Keng Äntwert bis elo vum Ëmweltminister

D'Schüler hu sech an der Klass och vill mam Internetsite vun iNaturalist.lu auserneegesat. Dat ass ee weltwäite Projet, bei deem jidderee matmaache kann.

All Kéiers wann een eng Planz oder een Déier gesäit, mécht een eng Foto a luet déi Informatiounen erop. Dat hëlleft, méi iwwert d'Unzuel an d'Verhale vun deene verschiddenen Aarten erauszefannen.

De Schüler war awer opgefall, dass net vill Leit zu Lëtzebuerg bei deem Projet matmaachen. "Mir wëllen d'Igele wierklech retten, mee wann net jiddereen op iNaturalist geet, da fanne mir net eraus, wéi vill Igelen et nach ginn. Da kënne mir net all d'Igelen zu Lëtzebuerg retten", seet d'Sienna.

Am Bréif un RTL hunn d'Schüler gefrot, dass méiglechst vill Leit iwwert de Probleem vum Igel gewuer ginn. Nieft dem Medienhaus hu si och nach un de Sir David Attenborough geschriwwen an dem Ëmweltminister.

Vun deem krute si bis elo awer nach keng Äntwert.

Back to Top
CIM LOGO