
Dat huet d’Lëtzebuerger Mënscherechtskommissioun en Dënschdeg de Moien op enger Pressekonferenz däitlech gemaach. Mat deem Reglement géife just grouss Entreprisen, déi rar Mineralien a Metaller importéieren, obligéiert ginn z’iwwerpréiwen, wou déi Réimaterialer hierkommen.
Wäertvoll Mineralien, déi a Computeren an Handye verschafft sinn, kommen dacks aus Konfliktregiounen, wou Mënscherechtsverletzungen un der Dagesuerdnung stinn.
Dat EU-Reglement gesäit vir, dass Importateuren d’Risike mussen analyséieren an en onofhängegen Audit maache loossen.
Zu Lëtzebuerg wären nëmmen eng 30 Entreprisë concernéiert. Grondsätzlech begréisst d’Mënscherechtskommissioun dee Projet. Et wär allerdéngs just e klengen a virsiichtege Schrëtt, bedaueren de President Gilbert Pregno an de Jurist Max Mousel vun der CCDH.
Si fuerderen d’Lëtzebuerger Regierung op, net méi op Zäit ze spillen an op eege Fauscht op d’mannst schonn e sektoriellt Liwwerkettegesetz auszeschaffen. Och bedauert d’CCDH, dass et net kloer ass, ob a wa jo, wéi d’Entreprisë kontrolléiert ginn. De Gesetzprojet géif och keng Lëscht vun deene Betriber virschreiwen. Dat ass net gutt, seet d’Mënscherechtskommissioun.
Dem Gilbert Pregno sengen Informatiounen no wéilt d’EU-Kommissioun e Mëttwoch eng Direktiv iwwer e Liwwerkettegesetz erausginn. Ma am Reseau vun de Mënscherechtler wär rieds vun engem verwässerten Text. Et wär ganz vill Lobbyaarbecht vun den groussen Importateure vu Konfliktmineralie gemaach ginn, do ass den Direkter vun der CCDH sech sécher