An deem Kontext kënnt et ëmmer nees zu Trainingen, op deene ee sech mat schwéieren Accidenter ausernaner setzt. De CGDIS, zesumme mat den CFL an dem Centre Hospitalier du Nord (CHdN), hunn e Samschdeg de Mueren en Zuch Accident simuléiert, fir hier Ofleef weider z’optimiséieren.
D’Übung soll esou reell ewéi méiglech oflafen an d’Secouristen un hier Limitte bréngen: En Accident mat engem Zuch op der Ettelbrécker Gare provozéiert 15 mëttel- bis schwéier Blesséierter. Eng 40 Leit komme mat liichte Blessuren dovun. No gutt 10 Minutte kënnt déi éischt Ambulanz un. Den Yves Damy, Zenter-Chef vum CIS Nordstad, erkläert: “Bei sou engem Zeenario huet een natierlech am Ufank vill Besoin a wéineg Ressourcen. Déi wéineg Ressourcen musse sech am Ufank en Iwwerbléck schafen. Deen Iwwerbléck kritt een nëmmen, andeems ee roueg un d’Saach geet. Strukturéiert. Et muss ee sech en Iwwerbléck schafen. Et däerf ee sech net op eng Situatioun fokusséieren an do hänke bleiwen.”
Et gëllt Rou a Struktur an eng Situatioun ze bréngen, déi vu Chaos an Angscht dominéiert gëtt. Grad fir déi éischt Ambulanz déi op d’Plaz kënnt, ass et eng grouss Erausfuerderung. “Wéi vill Victimmen hu mer? Wéi schwéier sinn dës blesséiert? D’Equipe musse kategoriséiert ginn vun deenen éischten Secouristen an dem éischte Samus-Dokter, déi op der Plaz ukommen,” esou den Yves Damy. “No der Kategorisatioun a verschidde Faarwen ginn d’Persounen dann op engem Rassemblementspunkt fir d’Affer gesammelt, fir do den éischte Bilan ze maachen, bis datt den medezinesche Posten opgebaut a prett ass, fir datt do d’Infirmieren an Dokteren nach emol méi detailléiert den Etat vun de Leit kucken. An enger zweeter Phase ginn d’Leit dann an d’Spidol bruecht, déi nach Plazen huet, fir d’Leit vun de verschiddene Kategorien opzehuelen.”
Während déi eng am Zuch, respektiv bei de Schinnen déi Verwonnt versuergen, gëtt hannert de Kulisse organiséiert a geplangt. Eng 80 Leit, gréisstendeels Benevoller vum CGDIS, hëllefen um Samschdeg mat. Am Eeschtfall sinn dat, ofhängeg vun der Envergure vum Accident, och emol 120 Leit.
Bei engem Zuchaccident mussen och d’CFL séier reagéieren. D’Doris Horvath vum Service Sécurité CFL: “Mir wëllen net, datt et zu weideren Accidenter an esou engem Fall kënnt. Mir protegéieren, alertéieren a sécheren d’Géigend of. Dat wëll och heeschen, datt mer d’Stroumleitungen iwwert de Schinnen ofschalten. Datt mer d’Weeër sécher maachen, fir datt de Secure gutt kann oflafen.”
Kuerz drop geet et dann am Spidol zu Ettelbréck héich hier. Am Minuttentakt kommen d’Ambulanzen an der Urgence un. Am Kader vum “Plan nombreuses victimes” ginn Dokteren a Personal erageruff. Eng Rei Servicer am Spidol ginn erofgefuer. Wann néideg, gi geplangten Operatioune annuléiert, fir d’OP-Raim fräizehalen.
Et gëllt d’Affer intelligent ze verdeelen, esou de Dr Paul Wirtgen, Generaldirekter vum CHdN: “Mir hunn zu Lëtzebuerg e puer Spideeler, déi vun hirem Fonctionnement a Gréisst hier e puer Schwéierblesséierter kënnen ophuelen. Mee mir kënnen net Dosenden huelen. Wann dir awer eng 20 schwéier Blesséierter hutt, dat kann net ee Spidol ophuelen.”
An deem Fall gëtt dann, vun all Spidol an der Géigend, eng Evaluatioun gemaach, wéi vill Better a wéi vill Ressource fräi sinn, fir datt am Extreemfall esou séier ewéi méiglech ka gehollef ginn.