En Datum gëtt et nach net. Mä d’Chamber wëll an der sougenannter Gaardenhaischen-Affär awer nach emol d’Meenung vum Verfassungsexpert Luc Heuschling anhuelen, fir driwwer ze decidéieren, ob de Krautmaart da lo wierklech kompetent ass fir déi fréier Ëmweltministesch ze héieren. Virun annerhallwer Woch haten de Chamberbüro an d’Presidentekonferenz nach eestëmmeg festgehalen, datt d’Chamber zoustänneg wier. Eng Rei Deputéiert haten antëscht och schonn Abléck an den Dossier. D’Oppositioun gesäit de Revirement deementspriechend kritesch. De viséierte Verfassungsrechtler vun der Uni Lëtzebuerg hat an der Press gemengt, et wier net sou kloer, wien iwwert d’Carole Dieschbourg als fréier Ministesch tranchéiere misst. D’Chamber oder awer de Parquet. An de Luc Heuschling bleift och am RTL-Interview derbäi, datt et besser wier, wann Ex-Ministeren ënnert dat reguläert Strofrecht fale géifen.
De Luc Heuschling wäert der Chamber also recommandéieren, sech an dësem Fall net kompetent z’erklären. Mä da riskéiert de Ball aus der Cité judiciaire nees zréck op de Krautmaart geschoss ze ginn. D’Procureure générale, déi jo och an der Chamber gehéiert gouf, baséiert sech op Decisioune vun den ieweschte Geriichter, déi an änlech gelagerte Fäll geholl goufen.
Dobäi geet et notamment ëm d’Decisioune vun der Cour d’appel aus dem November 2001, der Cour de cassation aus dem Juli 2002, wéi och och der belscher Cour de Cassation vum Juni 1985 Rechnung.
De Wonsch, d’Affär séier ofzeschléissen dierft sech domadder net erfëllen.
D’Carole Dieschbourg war virun zwou Wochen als Ëmweltministesch zréckgetrueden. Ënnert anerem fir datt d’Chamber sech net nach emol mat der Saach befaasse misst.
D’Kompetenz an der Affär Dieschbourg géing bei der Chamber leien. D’Rechtslag wär kloer. D’CSV an d’ADR si consternéiert driwwer, dass déi Prozedur wéi se an der Verfassung virgesinn ass, elo op Initiativ vun déi Gréng vun de Majoritéitsparteien a Fro gestallt gëtt.
De Co-Fraktiounspresident Gilles Roth erkläert. “Ech ënnerstelle kengem eppes. Ech maache just e Constat, dass et normal ass, dass ee virun 10 Deeg unanime eng Decisioun hëlt, dass d’Chamber fir den Dossier soll zoustänneg sinn an elo vun haut op muer eng aner Liesaart huet. En plus huet d’Procureur général an der zoustänneger Chamberkommissioun e Wee opgezeechent, wéi een dee ganzen Dossier trotz Verfassungstexter, déi ganz al sinn, kéint traitéieren. Sämtlech Experten am In- an Ausland haten ëmmer déi selwecht Liesaart. D’Chamber hat deen Artikel och scho sou applizéiert: dass e sech nämlech och u fréiere Ministeren applizéiere léisst. Hei ass elo eng Chamber, déi sech mat esou Aktioune lächerlech mécht.”
De 25. Abrëll hat d’Chamber jo eestëmmeg festgehalen, dass se fir déi fréier Ministesch Carole Dieschbourg an den Dossier vun der sougenannter “Gaardenhaischen-Affär” zoustänneg wär.
Eng al Reegelung an der Constitutioun gesäit vir, dass d’Parlament decidéiert, ob géint Regierungsmembere weider enquêtéiert oder esouguer Plainte gemaach gëtt.
Den Expert am Verfassungsrecht de Professer Luc Heuschling hat rezent am Tageblatt gesot, d’Chamber kéint senger Meenung no och decidéieren, sech net mat engem fréiere Minister ze beschäftegen. Obwuel och déi Gréng de 25. Abrëll d’Accord waren, den Dossier an der Chamber ze traitéieren, hu si elo proposéiert, fir d’éischt nach de Professer an der Chamber ze héieren.
Déi gréng Co-Parteipresidentin Djuna Bernard huet en Donneschdeg de Moien am Journal déi neisten Entwécklungen an der Affär Dieschbourg erkläert. “Et geet eis virun allem drëms an esou enger fundamentaler Fro keng Feeler ze maachen, an d’Rechtsstaatlechkeet ze respektéieren.”
Do kéint elo d’Chamber awer net zoustänneg sinn, mä d’Justiz. Decisiounen, déi bis ewell geholl goufen, riskéieren a Fro gestallt ze ginn. D’Conférence des présidents vun der Chamber war e Mëttwoch beieneen a sollt u sech driwwer diskutéieren, ob déi fréier Ministesch och dierft Abléck an den Dossier vun der Enquête kréien. D’Deputéiert konnten dat schonn.
Ma d’Situatioun wär vun Ufank u kloer gewiescht, betount den ADR-Fraktiounspresident Fernand Kartheiser.“Elo si mir an enger Situatioun, wou e grousse prozedurale Problem kann entstoen. Wann eng Majoritéit elo eng aner Decisioun géing huelen, dann ass et jo sou, dass eng Rei Deputéierter den Dossier scho gekuckt hunn. Da wär et méiglech en vice de procédure ze konstruéieren. Schlussendlech kéint dat esou interpretéiert ginn, dass d’Majoritéit hei probéiert, eng Entrave à la justice opzebauen, an dat wär natierlech en Desaster souwuel fir d’Reputatioun vun der Chamber, ewéi och fir d’Politik allgemeng. Da kéint nämlech den Androck entstoen, dass soll verhënnert ginn, dass déi Prozedur kann normal lafen. Ech gesinn doran eng grouss Gefor.”
Dem Fernand Kartheiser no wär et besser gewiescht, et hätt een déi Prozedur, déi een eestëmmeg decidéiert hat, och duerchgezunn.
An der neier Constitutioun wäert d’Reegelung, dass d’Chamber iwwer juristesch Suitte vu Regierungsmemberen decidéiert, net méi erëmzefanne sinn. Ma déi nei Verfassungstexter sinn nach net a Kraaft.