École Internationale Gaston ThornChamber gëtt gréng Luucht fir Bau vu 6. Europaschoul

Pit Everling
Lëtzebuerg kritt eng weider international Schoul an zwar um Territoire vun der Gemeng Lëtzebuerg.

De Gesetzprojet fir de Bau vun der École Internationale Gaston Thorn krut en Dënschdeg de Mëtteg an der Chamberplenière de Feu Vert mat 34 Jo-Stëmmen, 4 Nee-Stëmmen an 22 Abstentiounen. Et ass déi sechst ëffentlech international Schoul.

Et gëtt eng Offer fir d’Grondschoul a fir de Secondaire, sou wéi eng Voie de préparation fir d’Europaschoul. Et ginn am Ufank 3 Sprooche-Sektiounen ugebueden. Lëtzebuergesch-Coursë sinn obligatoresch. Anescht ewéi bei privaten internationale Schoule gëtt et an der Gaston-Thorn-Schoul keng Prioritéit fir Kanner vu Leit, déi bei den europäeschen Institutioune schaffen. D’Schoul ass och net just op fir Residenten. De Rapporter vum Gesetzprojet lueft d’Approche, déi Lëtzebuerg zënter enger hallwer Dose Joren ageschloen huet. Fir den DP-Deputéierte Claude Lamberty ass et dofir wichteg, datt och elo den Territoire vun der Haaptstad ofgedeckt ass:

Et ass d’Konzept, mat deem mir eise Bildungssystem méi fair an effikass gemaach hunn, well mir net e ganze Krees vu jonke Residenten ausschléissen, déi hiert ganzt Kënnen an engem klassesche System kënnen ofruffen. Anerersäits verhënnere mir, datt Jonker sech am traditionelle System verléieren, hir Formatioun ofbriechen an ouni Diplom op den Aarbechtsmarché kommen. Et geet net drëm, Lëtzebuerger an Net-Lëtzebuerger ze trennen. Mir wëllen de Kanner d’Méiglechkeet ginn, sech lues a lues no hirem Rhythmus ze entfalen.

Extrait Claude Lamberty

Aner Klack bei der Oppositioun. D’CSV géing et virzéien, déi Lëtzebuerger ëffentlech Schoule besser de Gegeebenheeten unzepassen, notamment a puncto Sproochen. Déi Lénk bedaueren och den Opbau vu schoulesche Parallel-Welten. D’ADR schwätzt vun enger Trennung vu Lëtzebuerger an Immigranten, wat eng Katastroph fir de sozialen Zesummenhalt wier. D’Léiere vun der Lëtzebuerger Sprooch wier eng Mogelpackung. D’Schüler géingen allgemeng net de selwechte Niveau an de Sproochen erreechen an hätten dono Schwieregkeeten um Aarbechtsmaart, sou den Deputéierte Fred Keup. Et wier kloer, wat d’DP hei wéilt, d’Ministesch Corinne Cahen hätt rezent an der geschriwwener Press gesot, datt et keng Integratioun méi géing ginn, sou de Fred Keup:

“Il faut arrêter de parler d’intégration”, sot d’Corinne Cahen an den Här Meisch setzt dat hei ëm.

Extrait Fred Keup

De Fred Keup hätt d’Ausso vun der Ministesch Cahen hei aus dem Kontext gerappt, heescht et aus de Reie vun de Liberalen.

D’École Internationale Gaston Thorn mécht fir d’Rentrée am Hierscht hir Dieren op. D’Schoul bitt Plaz fir 300 Schüler a funktionéiert am Ufank op zwee Sitten, nämlech zu Zéisseng an um Geesseknäppchen. Laangfristeg ginn d’Capacitéiten eropgeschrauft an d’Schoul soll sech dann am Quartier Lampertsbierg installéieren.

RTL News: 6. agreéiert Europaschoul kënnt op de Geesseknäppche an op Zéisseng

Back to Top
CIM LOGO