No Ried vum Xavier BettelChamber reagéiert op aussepolitesch Deklaratioun

Pit Everling
Defense, Diplomatie an Developpement! Sou huet jo de liberalen Ausseminister Xavier Bettel en Dënschdeg d'Lëtzebuerger Aussepolitik skizzéiert.
© AFP

E Mëttwoch huet d‘Parlament an notamment d‘Oppositioun op d‘aussepolitesch Deklaratioun vum Xavier Bettel reagéiert. 20 Joer laang hätt ee bei der Lëtzebuerger Aussepolitik gewosst, wou een dru wier, gëtt den LSAP-Riedner Yves Cruchten ze verstoen. Elo mat der neier Regierung géing hien awer d’Koherenz vermëssen, zum Beispill bei der Palästina-Fro awer och am Dossier “Mercosur”.

“De 7. September ënnerschreift eise Premier e gemeinsame Bréif mat aneren EU-Memberstaten, fir d’Verhandlungen ofzeschléissen. Ech zitéieren aus deem Bréif: ‘It is now urgent to secure the progress reached so far and close the negotiations. We believe that all elements are in place to allow for a rapid conclusion of negotiations by the end of 2024.’ Eisen Ausseminister sot eis awer gëschter: ‘Lëtzebuerg kéint deem Accord den Ament net zoustëmmen’. Jo, wat dann elo? Egal wéi, mir freeën eis op alle Fall schonn emol mat der Regierung doriwwer an der Kommissioun ze diskutéieren”

Extrait Yves Cruchten

Déi Lénk géingen et positiv ophuelen, wa Lëtzebuerg seng Positioun a punkto Accord tëscht der EU an der latäinamerikanescher Wirtschaftsunioun geännert hätt. Den Accord wier eng Katastroph op villen Niveauen, virun allem an de Beräicher Ëmwelt a Landwirtschaft, sou den Deputéierten David Wagner.

De Premier Luc Frieden géing vill grouss aussepolitesch Dossieren iwwerhuelen an och a sengem perséinlechen Numm Positioun bezéien. Dat stellt d’Cheffin vum parlamentaresche Grupp vun de Grénge fest. D‘Sam Tanson constatéiert parallel, datt de Xavier Bettel a senger Deklaratioun awer net wierklech op déi Positioune vum Luc Frieden agaangen ass.

“Dee Flou, deen Dialogue des sourds ass warscheinlech dann och ee vun de Grënn, firwat Dir als Regierung gëschter mat enger Ausnam just al bekannte Positioune widderholl hutt, amplaz nei a staark politesch Akzenter ze setzen, als Äntwert op déi enorm Erausfuerderungen, déi Der selwer unerkennt.”

Extrait Sam Tanson

“Är Ried war langweileg”. Mat deene Wierder adresséiert den ADR-Deputéierte Fred Keup sech un den Ausseminister Xavier Bettel. Dat gëtt awer vun der ADR begréisst, well et wichteg wier, d‘Rou ze behalen. D‘ADR rappelléiert hir Positioun, datt an der Ukrain kee Wee laanscht de Verhandlungsdësch wäert féieren an datt d‘Ukrain och temporär Territoiren ënner russescher Kontroll wäert musse loossen.

“An Dir wäert och gesinn, dass et esou wäert kommen an am Endeffekt si mir net déi, déi dat decidéieren, mä dat gëtt decidéiert op engem aneren Niveau. Fir d’éischt d’Ukrain an dann natierlech hiren Haaptpartner, dat sinn d’USA. An dat ass dat, wat wäert geschéien. Ob Dir dat wëllt oder net, ob ech dat wëllt oder net, dat ass esou. Dat ass d’ Realitéit.”

Extrait Fred Keup

Den Ausseminister Xavier Bettel hätt eng schéi Rees ronderëm d‘Welt gemaach, fënnt iwwerdeems de Piraten-Deputéierte Sven Clement. Et misst ee sech als Europa besser opstellen, ekonomesch no vir goen a sech manner ofhängeg vun anere maachen, sou de Sven Clement. Datt de Reseau vu Representatiounen am Ausland soll ausgebaut ginn, wier positiv ze bewäerten, sou d’Piraten.

(19.11.24) Aussepolitesch Deklaratioun an der Chamber: Xavier Bettel stellt Krich an der Ukrain an an der Gazasträif an de Mëttelpunkt

Back to Top
CIM LOGO