Animéierten Debat zu spéider StonnChamber stëmmt fir Geschlechterquot, Géigewand fir d'ADR

Marc Hoscheid
Et dierft net ëm d'Geschlecht vun de Leit goen, mee d'Qualifikatioun misst am Mëttelpunkt stoen, sou d'ADR.

Um Enn vun engem laange Sëtzungsdag, deen um 8 Auer moies ugefaangen hat, goung et um Mëttwochowend no 20 Auer owes an der Chamber nach eng Kéier héich hier. Um leschte Punkt vum Ordre du jour stoung ee Gesetzesprojet, deen eng EU-Direktiv an nationaalt Recht ëmwandele soll. Den Text gesäit vir, datt spéitstens vum 30. Juni 2026 un a Verwaltungsréit vu kotéierten Entreprisen op d’mannst een Drëttel vun de Poste vum ënnerrepresentéierte Geschlecht besat muss ginn.

Den ADR-Fraktiounschef Fred Keup huet sech kloer géint esou eng Quot ausgeschwat. Et dierft net ëm d’Geschlecht vun de Leit goen, mee d’Qualifikatioun misst am Mëttelpunkt stoen. Ma Quote géingen ebe grad dozou féieren, datt qualifizéiert Leit eng Plaz net kriten, well se deem falsche Geschlecht ugehéieren. Seng Partei géing dann och am Numm vu ville Frae géint de Gesetzesprojet stëmmen. Dat wollt d’Spriecherin vun der grénger Sensibilité politique, d’Sam Tanson, net esou stoe loossen an huet betount, datt eng Quot wichteg wier:

“An Är Partei ass effektiv dat beschte Beispill. Ech brauch just hei ze kucken, d’Madamm Schoos, déi sëtzt natierlech weiderhin an der zweeter Rei, obwuel se Parteipresidentin ass zum Beispill, ass se an der zweeter Rei.” Doropshin de Fred Keup: “Mee dat huet jo näischt domat ze dinn.” Nees d’Sam Tanson: “Ah voilà, et huet mat näischt eppes ze dinn. An ech hunn och bäigeléiert, datt ech zu enger Communautéit gehéieren, ech gehéieren zu der Communautéit vun de Fraen. Och dat hunn ech den Owend bäigeléiert, ech si ganz dankbar doriwwer.”

ADR an déi Gréng wärend dem Debat iwwert d’Fraequot an der Chamber

Den Tom Weidig vun der ADR huet d’Fro gestallt, firwat bei Ënnerrepresentatioun vu verschiddene Gruppen ëmmer just nom Geschlecht an net zum Beispill nom Handicap oder dem Migratiounshannergrond gekuckt géing ginn. D’Sam Tanson huet entgéint, Frae wiere keng Grupp oder eng Communautéit, mee d’Hallschent vun der Mënschheet.

De Gesetzesprojet gouf mat 54 Jo- a 5 Nee-Stëmmen ugeholl.

Back to Top
CIM LOGO