
Géint 3.23 Auer war de Beamten dobäi en Auto opgefall, deen ze séier ënnerwee war. E Policeauto ass dem Gefier nogefuer an d’Beamten hunn de Chauffer opgefuerdert, hinnen nozefueren. Um Ufank huet et och geschéngt, ewéi wann dësen der Opfuerderung géif nokommen, ma wéi d’Beamte bei eng Ausfaart gefuer sinn, huet deen aneren Auto acceleréiert an ass weidergefuer.
De Policewon huet doropshin nees d’Verfollgung opgeholl an d’Beamten hu versicht, de flüchtege Chauffer auszebremsen. Dobäi ass et zu enger Kollisioun tëscht deem sengem Auto an dem Policewon komm. Blesséiert gouf dobäi keen. Well de Chauffer sech geweigert huet, aus dem Auto ze klammen, hunn d’Polizisten hien immobiliséiert. D’Bäifuererin ass iwwerdeems aus dem Auto geklommen an op d’Beamten duergaangen. Well si d’Opfuerderungen, dat net ze maachen, ignoréiert huet, gouf och si immobiliséiert.
Den Alkoholtest vum Chauffer war positiv. D’Beamten hunn e Rapport wéinst Rebellioun an dem Fueren ënner Alkoholafloss geschriwwen.
E Sonndegowend krut d’Police iwwerdeems e Chauffer gemellt, deen op engem Busarrêt an der Rue Nicolas Biever zu Rodange bei lafendem Moto hannert dem Steier vu sengem Gefier ageschlof war. Eng Patrull konnt de Mann op der Plaz untreffen. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn.
Méi spéit um Owend huet d’Police da beim Raemericher Rond-point zu Esch d’Vitess kontrolléiert. Dobäi hunn d’Beamten e Gefier gesinn, dat an eng Verkéiersinsel gerannt ass an dobäi e Schëld beschiedegt huet. Duerno ass de Won a Richtung Bieles weidergefuer. D’Beamten hunn d’Poursuite opgeholl a konnten d’Gefier stoppen. Den Alkoholtest, dee bei der Fuererin gemaach gouf, war positiv an d’Beamten hunn hire Fürerschäin agezunn.
E Méindeg de Moien ass enger Policepatrull dann e Gefier opgefall, dat um CR169 virum Rond-point an Direktioun A13 op der Fuerbunn stoung. Bei enger Kontroll huet sech erausgestallt, dass de Chauffer alkoholiséiert war a kee valabele Fürerschäin hat. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet ausgeschwat.