
E Sonndeg hat d’Police a béide Richtungen op der A7 tëscht Miersch an Ettelbréck d’Vitess kontrolléiert. Tëscht 15.00 a 16.30 Auer gouf hei een Auto mat 255 km/h an een anert Gefier mat 222 km/h geblëtzt. Béid Chauffere kruten nach op der Plaz de Permis ofgeholl. Op där selwechter Plaz hunn donieft sechs weider Chaufferen eng Verwarnung an Héicht vun 145 Euro an zwee Punkte krut, déi mat méi wéi 25 km/h iwwert der Limitt ënnerwee waren.
E Sonndeg goufen dann nach op der A13 tëscht Esch a Péiteng Vitesskontrolle gemaach. Hei war ee Chauffer mat 203 km/h amplaz vun den erlaabten 110 km/h ënnerwee a krut doropshin och de Permis ofgeholl.
An der Nuecht op e Méindeg ass dann nach an zwee Autoen agebrach ginn. Zu Beetebuerg hunn an der Rue de la Briquetterie d’Täter ee Rucksak matgeholl an och am Neiduerf an der Stad hu sech d’Täter an der Rue des Paquerettes Zougang zu engem Auto verschaaft. Bei béiden Dote goufen d’Ermëttlungen ageleet.