
De Chauffer gouf gestoppt. Bei der Kontroll ass de Beamten opgefall, dass dësen nawell Zeeche vun Alkoholkonsum opgewisen huet. En deementspriechenden Test war dann och positiv, de Permis gouf agezunn an de Mann krut e Protokoll.
Méi spéit ass nach eng Patrull op der N26 tëscht Wolz an Noutem op e Won opmierksam ginn, dee matten op der Fuerbunn stoung. De Chauffer war dee Ament net an, mä nieft sengem Gefier. Der Police ass de Geroch vun Alkohol bei him opgefall an och hei war en Test positiv. Hie krut e provisoresche Fuerverbuet.