Tëscht Keelen a KeespeltChauffeur dréit Auto ënner Alkoholafloss op d'Kopp

RTL Lëtzebuerg
Géint hallwer 7 e Mëttwoch den Owend koum et um CR103 zu engem Accident, bei deem e Gefier um Daach gelant ass.
© RTL Archiv

D’Leit, déi am Auto waren, koumen, no enger éischter Versuergung op der Plaz, an d’Spidol. De Chauffeur selwer gouf liicht, d’Bäifuererin dogéint schwéier blesséiert. Den Alkoholtest beim Chauffeur war positiv. Hie krut de Permis ofgeholl.

Praktesch ëm déi selwecht Zäit koum et op der N31 zu Beetebuerg zu engem Accident, bei deem en Auto géint a Bam gerannt ass an op der Säit leie bliwwen ass. Och hei war den Alkoholtest beim Chauffeur, dee liicht blesséiert gouf, positiv. E provisorescht Fuerverbuet gouf an d’Weeër geleet.
Zu Gréiwemaacher ass der Police an der Nuecht op en Donneschdeg dann e Gefier opgefall, dat Schlaangelinne gefuer ass an extrem lues ënnerwee war. Och hei war den Test positiv.

An a Clausen koum et an der Nuecht op e Freideg, um kuerz no 1 Auer, zu engem Accident, bei deem e Chauffeur eng rout Luucht ze pake krut. De Chauffeur hat ze vill gedronk a gouf protokolléiert.

Dann huet d’Police e Mëttwoch am Nomëtteg och nach eng Kontroll gemaach, fir ze kucken, wie wärend dem Fueren d’Fanger vum Handy net loosse konnt, dat zu Mutfert. Hei goufen och verstäerkt Motoe kontrolléiert. 54 Mol gouf et e Protokoll, bei 38 Kéieren gouf de Smartphone benotzt. 4 Leit haten de Gurt net un, 3 Persounen hate kee Permis dobäi an an 3 Fäll sinn d’Chauffeuren duerch eng rout Luucht, respektiv e Stoppschëld gefuer.

Back to Top
CIM LOGO