Handwierk beim "Neistart" vergiess?Chômage partiell gutt, mee vill Hëllefen net zougänglech

RTL Lëtzebuerg
D'Bäibehale vum Chômage partiell bis Ënn dës Joers géif den Entreprisen eng gewësse Previsibilitéit ginn, lueft d'FDA.

D'Federation des Artisans kritiséiert allerdéngs, datt eng Rei Hëllefe fir d'Handwierker net zougänglech wieren. Wärend d'Commerce vu kloer definéierten Aide profitéiere kéinten, géif dat net schéngen de Fall ze si fir de Bausecteur, den Automobilsecteur oder d'Productiounsatelieren, wéi zum Beispill Imprimerien.

Dobäi géife mat de sanitäre Reegelen uerdentlech Käschten op dës Betriber duerkommen. D'Kontrakter am Bausecteur zum Beispill géifen net méi de Präisser entspriechen, vue datt d'Produktivitéit op de Chantieren erofgaange wier. D'Handwierkerfederatioun fuerdert d'Regierung op, d'Redemarrage-Hëllefe fir alleguerten d'kommerziell an handwierklech Aktivitéiten opzemaachen, och wa verschiddener, wéi de Bau, schonn éischter erëm konnten opgoen.

D'FDA fuerdert ënnert anerem och, datt verschidden administrativ Hürde fir Subsiden am Beräich vun elektrescher Mobilitéit an der Energieeffizienz ofgebaut ginn, fir Investissementer an d'Energietransitioun virun ze dreiwen.

Communiqué vun der Handwierkerfederatioun

Back to Top
CIM LOGO