Invité vun der Redaktioun (26. Mee)Clara Moraru, Presidentin vun der Union des Indépendants

Annick Goerens
En Dënschdeg de Moie sinn d'Suerge vun den Independantë Theema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".

D'Unioun vun den Independantë schléit Alarm: Si kotiséiere wäitaus méi wéi normal Salariéen, mee hunn awer dofir däitlech manner Protektioun. Wou sinn Entrepreneuren am meeschte benodeelegt? Wei gesäit de Verglach mam Ausland aus? A wat fuerderen si vun der Regierung?

Dat froe mer d'Presidentin vun der Union des Indépendants. D'Clara Moraru ass kuerz no 8 Auer eis Invitée vun der Redaktioun.

LIVESTREAM Radio

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO