76. Editioun mam Motto "een Dag wéi am Film"Och aus dem Ausland komme vill Leit op d'Gënzefest

Lisa Weisgerber
Musek, Kostümer an zemools déi schéi giel Blummen - de Gënz- stoungen e Méindeg zu Wolz am Mëttelpunkt.

D‘Gënzefest mam Motto: een Dag wéi am Film huet dëst Joer eng Ronn 4.000 Leit ugezunn, esou de Buergermeeschter vu Wolz Patrick Comes:

"Et ass einfach d'Markenzeechen, dat Fest hei geet ëm de Gënz et ass eng Blumm, eng Planz, déi hei am Éislek bléit. Mir sinn houfreg, dass et esou vill Jore konnten ëmmer nach oprecht behalen. Mir sinn am ganze Land bekannt, iwwert d'Grenzen eraus, kommen d'Leit all Joers heihinner op Wolz."

D‘Motto fënnt een och an de Kleeder vun de Gënzen-Éieren-Dammen erëm, erkläert de Fashion Designer Kevin Thommes:

"Fir de Meedercher hire Red Carpet, hiren Optrëtt, een Dag wéi am Film, do ass d'Associatioun éischter en Theatersall, Kinosstill, also och fréier dann e grousse Riddo, an och wéi op de Kleeder ze gesinn, dass mer uewen dee Bustier hu mat de Rousen am Bordeaux, well ee jo awer vläicht och eppes iwwerreecht kritt op enger Präisverleihung, bei den Oscars, bei de Golden Globes, a mir wollten einfach de Meedercher en Dag wéi am Film erméiglechen, an dass si sech fille wéi e Star um rouden Tapis."

Och aus dem Ausland komme vill Leit op d'Gënzefest

De Fashion Designer këmmert sech elo scho fir déi 5. Kéier em Tenue vun de Madammen. Zäit, fir d'Räck ze designen, ass awer relativ limitéiert:

"Also et geet bei mir meeschtens un, ufangs des Jores, am Wanter nach, wann ech d'Meedercher déi éischte Kéier gesinn an da maachen ech mat hinnen e Fitting a vläicht nach en zweete Fitting an da gi Fotoen och gemaach fir eeben d'Affichen an déi Zäit ass wierklech, wierklech knapp, well ech sinn eng eenzel Persoun, ech maachen alles eleng mat der Hand, ech hu lo kee groussen Team, dee mech do supportéiert, meng Famill natierlech, mee dat ass ëmmer vu Februar bis Mee bei mir komplett geblockt, fir d'Kreatioun vun de Kleeder."

Am Corso sinn am ganzen 32 verschidde Gruppen, Waggonen a Museke matgaangen. Do hunn net nëmme Lëtzebuerger deelgeholl, verschiddener sinn och aus dem Ausland extra ugereest. Erkläert de President vum Sydicat d'Initiative vu Wolz, de Ferid Hodzic:

"Wéi gesot, et ass ëmmer flott um Päischtméindeg, fir d'Gënzefest ze feieren. Ech mengen, d'Gënzefest ass jo net nëmme bekannt hei am Land, mee och ausserhalb de Grenzen. An do hu mer vill Visiteuren, déi op Wolz dee Päischtméindeg ëmmer kommen."

Wann am Éislek de Gënz schéi blitt, da ruffe mir iech all op Wolz: Esou heescht et am Gënzelidd, op dat och dëst Joer erëm vill Leit gelauschtert haten.

Back to Top
CIM LOGO